...jo, mais pass op, zevill plaakeg Haut hei op deem Site, daat kann emol an d'Aa goen (déi Diskussioun huet jo schons emol hei héich Wellen geschloen...)
ech verstin net wisou een dess Foto net kéint hei op PG gesin ... ?
(plaakeg) Haut weisen ass jo net onbedéngt Akt
Bieren sin jo awer keng Äpel
zur Foto:
bon, ech knouteren nach just fir e puer Detailler ... an waat soll ech hei knouteren?
- majo, den Schied bei den Rëpen ass fir mech e bessi scary- Alien-ähnlech
- seng Hand op der Hëft ass och nach graad déi üblechst Position vun der Hand op den Hëften
- soss uewen fläit e bessi zevill Raum
- déck Rumm, resp Limite schwarz Rumm/brongen HG ass visibel
Ausdrock wierklech gutt ... Freed, Gléck
Faarwen sin douce
bis op deen 1. Knouterpunkt fannen ech se gutt gin
ech fannen esou photos emmer rem schéin. an et ass absolut neicht ofstéisseges oder plaakeges, op esou eppes ass den genre vun photo jo guer net ausgeriicht. sie ass intim, et ass en speziellen moment deen deng modelen (ech zielen der schons 2 op der photo ) hei mat ons deelen.
2 kleng pefferkaeren giff ech vielleicht dobai setzen:
- d'position vun senger lenker hand ass menger meenung no en bessen onatiirlech.
- ech giff d'nues vum model vielleicht eng grimmel mei ofhellen. duerch déi en bessen méi haart luucht an deen doduerch resultéirten haarden schied kennt déi nues vun den mme. en bessen zevill zur geltung. (ech muss dir jo wierklech net erklaeren wéis du en reflektor benotz xD dass mir just eben hei opgefall) vllt. am pp eng grimmel available light dransetzen, den kontrast minimal rofsetzen, dann faellt daat wesentlech manner op.
du mierks daat hei ass "meckeren" op héijem niveau. ganz schéin och deen genre photos bei dir ze gesin.