Sëcher ass ët eng Range, waat mech hei irritéiert ass dass é Markenumm als Substantif fiir all 4rad ugedriwent héicht Vehikel duerhaale muss. Eng Range ass nun emol keng Jeep, grad esou wéinig wéi eng Jeep keng Range Rover ass.
Ech gesinn, hei besteet Klärungsbedarf,
also vir d´eicht sinn ech mol der Meenung, dat mir hei net an engem Autodiskussiounsforum sinn, mee op enger Säit wou een seng Foto´en kann erop lueden, vir een Feedback zur Foto ze kréien an net ze kritiséiren wéi een dat nennt, wat drop ass.
Zweetens, sinn ech als Éislecker Jong op gewuess, an do soen mir vir déi Zort vun Autoen numol "Jeep", wann daat awer lo vir d´Léit een Probleem ass, dann schreiwen ech d´nächst kéier einfach "Jiip" oder vlait "Schiip".
Op alle Fall wollt ech kengen ze no trieden wann ech mäin Auto "Jeep" nennen am Plaatz "Range Rover Sport HSE"!
Ech perséinlech fannen do klengt Jeep oder Jiip oder Schiip an engem Satz besser
Als kleng Boxepisserter hu mer déi Zäit och alles waat duerch dëck an dënn konnt fueren Jeep genannt. Just demols war ët dann och méschtens eng Jeep oder en Ur-Landrover. Mais haut huet jo bal all Konstrukteur esou eppes am Programm (esou guer Porsche, igitt ), an ech hun den Androck ewéi wann se meschtens benotzt gin fir d'Kids an d'Schoul ze féieren...
Zur Foto: Den Himmel ass schéin, daat am Schnéi spillen kënnt iergendwéi nët eriwer. Den Auto ze wäit ewech a just e puer mickreg Schnéiflacken opgewirbelt, daat ass engem esou potenten 4x4 nët gerecht gin. Sorry awer du hues aaner Fotoen hei déi mer däitlech besser gefaalen.