hey hey
also ech fannen se och super dynamesch! den goalkeeper respektif den ball kinnten wieklech bessi mei schaaf sin, oder weisntens epes vun deenen 2, mee fannen et eng intressant foto
Neen, ganz sérieux, schléisse mech denen aneren natiirlech un: eng ganz flott Photo, gefällt mer och immens gudd. Déck flott Pose vum Goalkeeper a natiirlech super dynamesch, tiptop!
Nanana Jongen, lo mat mol awer ee Punkt! Yoshi, ech hoffen du hëlls net alles fir voll wat déi aner hei schreiwen.
Du wees selwer, dass de Ball, de Spiller de schéisst an de Goalkeep dierwen verwackelt sin (well si sech bewegen), mee net de Fillet an och net déi aner Fussballisten, déi sech net bewegen. Dat huet dann beim beschten Wëllen näischt méi mat "Dynamesch" ze din.
@Maggele: Wisou soll just een Delpes soen, déi Foto wir verwackelt? Ech hu meng ferme Zweifel drun, dass den Effekt vum Auteur gewollt war (siehe Belichtungszäit)
@Yoshi: sief net rosen iwert meng schlecht Bewertung, mee d'Foto erfëllt a mengen An net d'Critèren vun der Sportsfotografie.
Merci vir dain Kommentar, an ech verstin dain vote och voll a ganz
Et denkt een net emmer su wait wann et seng eegen Foto ass, mee dass d'Spiller am Hannergrond verwackelt sin ass natierlech net gudd! Gesin ech och sou. Waat Netz ugeet, daat fannen ech gudd wei et ass (wier anecht zwar och net schlecht) well et sou net sou opfellt wei wann et ganz scharf ass, doweinst hun ech och effektiv besis matgezun, den Effekt war bessi gewollt, mee hun mam Effekt effektiv net un dei Mannschaften am Hannergrond geduercht. An als Sportsfoto geif ech se och net wierklech bezeechnen, daat war einfach vir mech gemaach well ech eben grad dei Situatioun virun Aen haat an keng Loscht all dei 11Meteren (et waren dei entschedent 10 11Meteren nom Match) nemmen normal Fotoen ze man.