Merci villmools Charel, de grousse Kino mecht mer richteg Freed, mais daat wattéiert Waasser ass natierlech gewolt, awer wéi's de schons bemierkt hues, adg.
Déi iwwerdriwwen laang 79 Sekonne-Beliichtung ass déi logesch Suite vum Grofilter, (- 10 Blenden an dësem Fall)
Top-Natur Foto: An der Rou läit d'Kraaft !
Kee Fotomodell, mä hei huet d'Natur selwer modelléiert.
Oofgerond' virmools schaarf Linnen.
Eng "Fabrik" vun deene schéine platt geschlaffene Sténg, déi mir esou gäeren iwwert d'Waasser geheien an hinne nokucke wéi se sprangen ...
(Oh, elo gin ech awer gläich ënner d'Pöetten - oh, my dear !)
Ët weess een dat ëmmer eréischt derno, ob eng Missioun "Casse-Cou" sëch gelount huet. An dann ass ët natierlech gutt, wann ee sëch näischt gebrach huet fir eng Foto ze maachen.
An dësem Fall huet ët sëch gelount !
Ech weess nët op's de lizenséiert bass, wëll dech awer op d' "16ème Biennale Nature en Norvège" opmierksam machen, wou den Asendeschluss an d'FLPA den 15/01/2012 ass an de sujet "L'eau en mouvement". Déng Biller zu dem Thema géingen do grouss oofraumen, hun ech d'Gefill. LG, Jean-Paul Kuck hei!
Bei solche Biller sin ech zwar e Fan vu Faarf, mee ech muss soen, dat hei ass tiptop an sou kann een sech richteg op di flott Strukturen a Linnen konzentréiren
Merci mischii, Faarf hätt och flaicht gepasst, mais zum Zaitpunkt vun der Opnahm war déi ganz Szenerie praktesch monochrom, ausser flaicht minimal Mascht 'Moos' op verschidden Steng