Gefällt mir perséinlech besser wéi iwwerhaapt sou muench Portrait'en Hatt kéint just vläicht nach en Tick méi aggressiv kucken, seng Aen soen net ganz dat selwecht aus wéi de Recht vum Kierper.
Verschafft ass se menger Meenung no ganz gutt, an de quadratege Kadrage passt och tiptop.
Merci ... Hun missen 5 mol knipsen an genau daat selwecht soen... : deng Aen sin net rosen!!!.... et jeitz een mam ganzen Kierper!! an die hei war définitiv nach die agressivst vun all... haha... merci fir dein Kommentar!
Dat mam bleck an den Emotiounen hunn ech och schon dei eng oder aner Kéier selwer erliewt. Du hues den virstellung wei et soll sin, mee den Model kritt dat net esou emgesat, zumols mei extrem emotiounen. Dat geht eben net emmer op Knappdrock. trotzdem gefällt dei hei Foto mär. S/W ass hei gudd gewielt.
Nee dat stemmt. mee et ass och villes eng saach vun der übung. Wann een Regelméisseg mat engem Schafft get et emmer besser. An wanns du dei Persoun mat därs du schaffs gudd kenns wees du vlait wats du muss soen fir den richtegen Bleck ze kréien
A mengen Aan e gelongenen Portrait. Bildausschnett, Téint an Pose gefaalen mir hei ganz gudd. Den Téint ass ganz dezent a passt gudd. Expressioun vum Model ass vir mech realistesch genuch.
Wonneren mech just e bessi iwer d'Werter vun denger Belichtungszäit, Blend an ISO.
Déi sinn net grad usual vir Studioportraiten vun deem Genre do.
Mee bon, daat heescht halt erem dass eng gudd Foto net emmer genau no den definitiounen aus dem Handbuch muss entstoen