Un sech flott, awer daat ass mir ze fill eyecandy... :o)
e bessi zevill fun Allem, ze grell, ann fir main gout ass daat mat der Laangzaitbeliichtung schon baal erem langweilech (adg)
frendlech Greiss op SF seniore
Merci fir d'Widmung :o))
Also fir d'Läscht wou ech do wuar wuar GGB net esou stuark satureiert.. :o))
ech soot der jo dass et eng a.d.g. ass... am Moment gesait een einfach ze fill long pose mat Waaser, waat keen Waaser mei ass mä nemmen nach Damp, fannen daat hellt den Fotoen emmer dei Dynamik, dei normalerweis am Waaser drann ass.. Mä mir zwee wessen jo awer dass daat hei ganz gutt unkennt :o))
lg zereck op Bascharage (wou wuars du dann Geschter ??))
Oh dach dei waa Genial an de Fuerwen... an mamm Grofilter ginn dei kontraster nach mei amplifizeiert.
Allzeiten merci fir dein Komment ... et ass net evident net Banal ze sinn bei der GGB... naechst Keier maachen ech besser!
Geschter waar ech an de Wolleken,,, dir haett keinten et naechst Woch maachen ... é dann gin mir eben nach eng keier
Ah daat haat ech net gesinn!! Merci Zora...
Jo des Serie ass wuel net Steril Genial ... mé ... jo do sinn d'Ménungen gedélt... Dei eng kaafen Mercedes, dei aaner BMW dei drett en Audi ... an dann sinn dei dei sech eppes welle kaafen an keng Zeit dofir hun... daat ass mein gefill bai knippsen gewiecht... ech haat keng Zeit fir Fotoen ze maachen dei ech definitiv haett keinte maachen ... an dei 2 bescht waaren verwackelt well ech den stabilisator net ausgeschallt haat.
Also kreien ech elo keen Toaster, daat mam Schiet ass minimal, an du wees dei eng drenken den Kaffi schwaarz, an dei aaner mat Mellech, an daat ass gud esou, soss geing d'Liewen fad gin, mengste net
Genau... Stell dir mool fir mir wieren al ewei den Shantideva .. d'Welt wier baal perfekt oder mir wieren all ewei du... dann wier kén Krisch mei op der Erd (Oh weil leif sét mein 16 Jaereschen Neveu dén nierwend mir setzt ) .. oder ewei ech dann wieren lauter Kranker op der Erd... Also besser ... e bessi vun allem!!! Dann get et wierklech net langweilesch
Mär sin all gud wei mer sin, an daat weisen mer jo och an eisen Fotoen, 16 Joër? Nee ass mer ze jonk, stell der fir mär wären all wei den ZerberuZ, dann wären mer alleng ob der Welt
Mer gefalen deng Fotoen super. Vum Bildopbau sinn se genial. Hunn deng Beaarbechtung do gären. Vum techneschen hier gesinn gefale mer just bei der 2ter an der 3ter di Ofdonkelungen net uewen lenks am Eck.
Den Intrus ass schwéier ze fannen, mee ass et fläit de Mupp op der leschter Foto?
Op der Nr 5 steet awer e schwarzen Hond lënks ennen am Eck. En huet esou guer eng Lènkt unn An deen rietsen wäissen Steen huet e Gesiicht ewéi e Séihond
Jikli dat ass deng Schold dass ech ewell iwwerall Muppe gesinn! Ech hu mech nach nie esou op Kreschdag gefreet ewéi dest Joer
Hei deen richtegen Link.
http://www.youtube.com/watch?v=Y3C4sua1YrA&feature=player_embedded
OHHHH? Langweileg Fotoen? Naja, hun hei um Site schons viel mei langweileg Fotoen gesin; Dei heiten gefallen mir perseinlech ganz gud an sin erstaunt wei weit en ADG kann auseneen leien; Wei gesot eng ganz flott an net langweileg Serie an mengen Aan;
Merci JC... mé ewei emmer den John J huet schon net onrecht... et ass extrem schweier net banal ze sinn bei Themen dei 1000 x an der Minute fotografeiert gin.
Awer et ass och interessant ewei d'Ménungnen ausernén ginn...
D'Modern Foto ass an soll knallesch an préziis sin ... dei klassesch foto ass mei iwerluecht... an dann get et dei Modern klassesch Foto dei Surrealistesch an Impressionistesch ass ... an dann get et dei hypermodern surrealistesch foto dei neischt aneschters ass ewei eng fantastesch computer arbescht ... alles daat ass d'Zukunft an d'Iwerliewen vun der Fotografie als Art
Erem do? Flott!
1. Too much (definitif) fir mäin perséinlechen Goût*
2. Gefält well een wéi d'Fantasie muss ustrengen fir ze gesinn wat hannert den Steng ass.*
3. D'Ae gëtt net richteg duerch d'Bild geleet an bleift direkt um Eyecatcher hänken.*
4. Mäin perséinlechen Fav. Einfach an flott an net ze vill laang beliicht. (Wolleken sinn natierlech)*
5. Et fehlt mir (perséinlech) e bëssi de Sujet. Awer, super schéin Faarwen an Strukturen.*
* Wat mir gefält muss deenen Aneren net gefalen, an ëmgedréint. Se mussen virun allem dir gefalen, de Rescht ass Quiitsch-Egal. Laut den Richtlinnen vun der moderner Fotografie sinn se alleguerten pedantesch genau ëmgesat an perfekt. Awer perséinlech appreciéieren ech am meeschten d'Nr. 4. Enger anerer Persoun hätt ech eppes anescht geschriwwen, awer vun dir hunn ech schon méi expressiv Fotoen gesinn.
Yess... mé mat engem Jetlag dén Horrent ass... alles op der Kopp!
Ad 1- I agree... mé fir mech hun ech eng mei douce gehaalen
Ad 2- Dei gefaellt mir och ... an daat gesinn net gesinn huet mir och gefall... D?luucht konditiounen waren net ganz gudd .. 12 Auer
Ad 3- Oh ... dann kuck mooé wei leiw d'Breck am drettel ass an wei sie vun der Riesen Wollek (et war eng Loft do dei am Fong meng bescht cadragen all verwackelt huet... tréied um Sand ... neischt Stables) an vum Fiels schein cadreiert get... Et war e bessi meng Iddi bei deser Foto.
Ad 4- Mein och... dofir hun ech dei als Lédbild erausgesicht
Ad 5- Et ass eng Postkaart... San Francisco vum GGBridge... 2 Fotoen ... 1 mamm Fokus op d'Staat an eng 2t op d'Steng... dann geblend an ... dei 2 Foteon sinn HDR Fusion vun 2 Beliichtungen...
Jo ... ech sinn am Fong nemmen zefridden well ech den Golden Gate geknippst hun... an emmer wann én eppes esou bekanntes knippst dann misst én sech eng aafalen loossen fir net banal ze sinn... mé ech misst dohinner zereck goen ... et ass mir awer e bessi ze deier fir e puer Fotoen... Den Bay Bridge ass och esou flott... an et war eng Luucht do fir verreckt ze ginn.. fantastesch grell an Satureiert Farwen duerch eng riesesch Sonn dei hannert den Skyscrapers an Hiwelen enner gét. Am LAndinneren ginn et Hiwelen dei owes einfach Oniresch sinn ... e spill vun Luucht an Schied... Farwen ewei Orange Greng an Gro ---- Eng Fantasie vun de Goetter! Mé ech haat keng Zeit an Meigleschkét... Ech war schliesslesch op é Kongress...
Et ass wouer .. sie drecken keng Emotiounen aus mé just nemmen eng Natur
Eng flott Serie. virun allem Nr. 1 4 gefaalen mer hei immens gudd. Nr.1 huet einfach een super Bildopbau (Kéint mer der och gudd am S/W virstellen). Nr. 4 och super vum Bildobbau mee gefällt mer nach een Tick besser vun den Farwen.
Merci fir de Feedback... Die schweierst war N 5
Die gefeierleschst war N 3 an 2
Die einfachst war N4 ... eben well d'Konditiounen vun der Fotografie all erfellt waren
Das 4. Bild gefällt mir. Die Sonne kommt schön von links und strahlt die Brücke und die Hügel an. Das einzige was vielleicht noch die Kirsche auf der Sahne gewesen wäre, ist ein Himmel mit mehr Zeichnung
Na ja waeren die Wolken vom Morgen da gewesen waere es flott gewesen. Aber um die ganze Tour zu machen waren es 5 Miles ... alles zu Fuss mir Gear auf dem Ruecken! ... und die Leica...
Ech sinn hin an hir gerappt waat ech vun der Bearbechtung soll haalen. Engersäits surreal waat flott ass (Himmel an Fuerwen), an op der aaner Säit zevill vir et als Landschaftsfoto duerchgoen ze lossen.
E Bleckfang sinn se op alle Fall. Do kuckt een schon gär e bessi méi genau hin, an duerfir mengen ech och e klengen Fehler op der Haaptfoto. gesinn ze hun um Buedem bei de Steng.
Vir de Rescht kann ech just soen dass du besser Wieder deen Daag haas wéi ech
De Fehler dén du gesais op N4 ass d'Waasser an der Laanger Pose an Schied eck... daat haat ech och gesinn an et ass eng Aantäuschung.
D'Veraarbeschtung ass neischt besonnesches:
All mamm selweschten Workflow....
1- Contrast an d'Dyamik eropgesaat
2- Filteren mat enger Action fir d'Portraiten ze verschaffen (dest schaerft an wärmt d'Fotoen e bessi op an gleich zeitesch get et liicht geglaett)
3- Highpass op verschidden plaatzen.
Soss neischt.
Landschaft fotoen?... né well et ass Mënschleches drop!
Jo d'Wieder war einfach super ... mé ech haat keng opportuniteit daat ze knippsen waat ech am fong am leifsten geknippst haett... Bay Bridge
meng Aan soen jo
mäin Gehier seet aaah joooo
mäin Haerz seet klapp galop klapp galop klapp galop ... (all Kéiers wann ët ëm Biller vun do iwer geet ... wisou wees ech nët ... ech mengen ech hun an engem aaneren Liewen do geliewt...)
meng Gefiller soen hmmmmmm ooh jooooo
an meng Wënsch soen ech wéilt och eng Kéier
ech hun elo reng d'Biller gesin/gekuckt ... an sie hun mir ganz gutt gefall
war daat elo konstruktiv?
fir dech wees ech ët nët
awer fir mech sin déi Fotoen ganz konstruktiv
Merci Jade... Deng Kommentarer sinn emmer Superlativ.
D'Gefill do schon geliewt ze hunn , hunn ech och all keiers wou ech dohinner gin... fir 4ert na well.
Et ass eng flott Staat .. opschons ech leiwer Chicago hun oder esouguer Boston... passt villeicht mei an mengem Gemitt erann. Californien ass awer mat daat scheinst waat op de Wlt get... Mé war nach nat an den Nevada, Texas, Midwest, sasw asw an en particuleir ech war nach nie op NY.
Kompliment ! Schéin ze kucken si se all, vill ass scho gesoot, duerfir hei nët alles nach eng Kéier; fir mech si 3 (super, déi Wollek do) 4 (perfekt, de Bildopbau) déi interessants.
Ech maachen et kuerz: Nr. 4 gefält mir immens gutt: E schéine Vierdergrond an eng herrlech natierlech Beliichtung am Hannergrond. D'Bréck kënnt an hirer ganzer Eleganz zur Geltung. D'Wolleke gefale mir och wa se net esou dramatesch betount sinn wéi op Nr. 1, 2, 3.
Lo kommen ech erëm an d'Dreemen
mir perséinlech gefällt di zweet am Beschten, well do d"Bréck nëmmen ugedeit ass, dann ass et scho spannend fir sech de Rescht viirzestellen
alles an allem awer eng immens schéin Serie, du haas jo Chance mam Wieder
.. no esou vill Comments och nach ëpes Bescheidenes vu mir
.. ech perséinlech fannen d'Serie ganz flott, just déi drai éischt, do ass den Himmel fläicht eng Grëtz ze staark betount an dominant, daat kënnt awer och durch d'Bewegung beim laangen beliichten, an di 4. fannen ech ass exzellent..
..en plus vermëttelt d'Serie esou e bëssen d'Liicht vum Sonnenstaat Kalifornienn, an do machen d'Biller an der Faarw gutt..!!
Jo daat maachen ech och , hun menger Fra no senger Ménung gefroot an sie huet den eyecandy besser fond ... ech net ... mé waat mecht én net fir d'Fraaen
Jo daat maachen ech och , hun menger Fra no senger Ménung gefroot an sie huet den eyecandy besser fond ... ech net ... mé waat mecht én net fir d'Fraaen