fannen deng 'Konstruktioun" mat dengen LED'en eng flottt Saach, och bei der aanerer ewei hei och spiegelt daat floot an den Aan ererm. Dein Modell kuckt am Bereich vum Aan e bessen streng dran, baal esou wei wann deng LED'en ze hell gewiecht waren. Perseinlech haett ech se ennen ge cropt e Steck iwert Decolte, deng Teinung an Farwen fannen ech flott
Merci fir deng Konstruktiv Kritik. Mam Croppen war ech mer net ganz kloer wei wait ech soll goen . De Modell war ech selwer an et ass zimlech schweier wann ern ganz alleng vrun der Kamera steet mam Ausleiser am Grapp och nach leiw dran ze kucken. Schaerft Astellung stoung op automatesch an dofir sin ech schon frou dei richteg Plaatz getraff ze hun fir d Aen scharf ze kreien.
jo daat kennen ech, alleng virun an hannert da Camera stoen, an dann ewei een Boelles hin an hier laafen....
Well jo d'Aan daat wichtegst as vir eben scharf ze stellen, huelen ech ma emmer een Stativ stellen et ob meng Heischt vun den Aan an, an duerno probeieren ech mech dann plus minus erem selwescht ob den Punkt ze positioneieren.... as bessen Gepiedels mee geet
Wann dei 2 Klimbimstraifen do am Hannergrond gewiecht wieren, kiint ech mer virstellen dass de een richteg spektakulären Bokeh drop kritt häss!! sou lenken se bessi vum Gesiicht, an virunallem den Spiggelungen an den Aan oof...
trotzdem flott beliicht an een ganz flotten Portrait!