Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gipsweier

 
Gipsweier
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (01.11.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.11.2011
  • Gekuckt:
    14800
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x534
  • Späicherplaz:
    480 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59972]
Kommentar vum Fotograf:
hei brauch Ech extreem produktiv Kritik...et kéint méng Style-Richtung beaflossen...
D'Iddi ass Landschascht HDR matt High-End Portrait Fotographie zesummen ze bréngen...
Soll Ech an däer Richtung weider forschen?
gloda 01.11.2011 - 14:53
De Konzept ass gutt. D'Kombinatioun ass interessant. Ech mengen du brauchs eppes wat déi zwee Niveauen verbënnt fir dass se net esou openee gesat ausgesinn. Z.B. dass d'Luucht op den zwee Deeler gutt beienee passt, oder dass de Model mat eppes wat an den Hannergrond passt interagéiert. Also muss de der am Viraus iwwerleeën wéi eng Biller beienee passen.
m-otiv 01.11.2011 - 15:17
bei der Luucht hunn Ech mir desen Gedanken gemaach: Wann Ech eng Source am Hannergronn esou staark maan an um Model een häftegen Rimlight am Studio maachen, dann misst et passen...Ech haat elo probéiert se den héige Wee ze kroppen (ongeféier an der Mëtt) dann hunn Ech deen 2ten Sujet net méi an d'Bild wierkt méi kohérent....nee?
gloda 01.11.2011 - 15:23
Du mengs deen Block am Waasser? Deen huet mech elo net weider ofgelenkt, ech hunn en als Deel vum Hannergrond gesinn. Deng Luucht passt hei. Wat ech wollt soen ass dass se méi konkret e Lien soll maachen. Also d'Luucht dierf nach méi eng aggressiv Roll spillen. Hei ass se jo an den Zwee Deeler relativ mëll an omnidirektional (Softbox an HDR). Wann se an den zwee Deeler ganz kloer aus enger Richtung kënnt a Schieter wërft verbënnt se déi zwee Beräicher méi staark.
m-otiv 01.11.2011 - 15:30
probéier emol e refresh....Ech mengen et ass besser?
gloda 01.11.2011 - 19:06
De Cadrage ass scho mol méi flott well d'Symmetrie dobäi komm ass.
Gaga 01.11.2011 - 15:00
interessant Vito, ech hun och esouepes am kap an och schon e puer mol probeiert ... sws as t'idee jo keng nei...
ech muss dem Gloda awer recht gin dat et hei un interactioun tescht beiden Biller fehlt fier mein gout.

ech perseinlech wor ganz mat desem versuch zefridden, obwuel t'model e bessen kleng am cadrage as... (link op flickr Bild as net PG-Gerecht)

http://www.flickr.com/photos/gagam13/6248150634/
m-otiv 01.11.2011 - 15:15
Oh den Marco mellt sech erem cool...hei handelt et sech em 2 verschidden Fotoen matt 2 verschidden Bearbechtungen, bei denger net (mengen Ech emol)...

Merci fir den Feedback..hei hunn Ech effektiv einfach 2 Biller aus menger Gallerie geholl an zesummen gesaat...

Awer Ech wäert définitiv nach beim nächsten shooting d'Opnahmen huelen matt engem Endresultaat am Kapp, moll kucken op daat dann besser ukkennt...
gi87 01.11.2011 - 16:16
Eierlech Gesot emfanen ech Foto Wiekleg als Bizzare an gesin se zumschluss als 2 verschieden Biller engkeier de Background an engkeia Persoun separat et aget sech keen wiekleg kloert Bild am Kapp...
Esh mengen eierlech dass dat bei dengem Niveau verleuren Zeit ass am Experimenteieren, well engersait heut en elo deig ewesen Lin vun Qualiteit bei dengen Biller an esou eppes schmeisst an mengen Aaen alles op Kopp.. Kloer ass Idee pas mal, mee wann dan geif ech Probeieren Persoun direkt op da Location am HDR richteg verschmelzen ze lossen anstatt sou Kompositiounen ze man.. Dat wor meng Eierlech meenung dozou Motiv
m-otiv 01.11.2011 - 17:02
Et muss een nie ophaalen mam experimenteieren closed_eye och wann et net emmer gudd ass, soss kennt een net weider...
gi87 01.11.2011 - 17:06
Dat wolt ech och net soen Motiv, wolt jsut da meng Meenung op deng Fro an dengem Kommentar bei da Foto gin (Soll Ech an däer Richtung weider forschen?) Kloer soll en och emmer neies Ausprobeieren an dobei Experimenteieren , ass wei alles am Liewen closed_eye
m-otiv 01.11.2011 - 18:30
Ma merci gesoot smile dofir posten ech se och hei, wann et net gudd ukkennt, dann ass daat esou...
Hei schaetzen ech eiskaal eierlechkeet. Nach eng keier merci
Kwitchibo 01.11.2011 - 18:51
Ech mengen wans du daat wells maan fannen ech daat eng Gudd Idee! fir das et passt muss een sech gedanken maan op z.b Model an daat waat am Hannergront as eppes mateneen sollen zedin hun! z.b Fuarwen harmonesch sin oder esou...
ech fannen version mei flott mat Cube !
waat as lenks ennen am eck bei sengem Aarm? dei 3 stricher ?
m-otiv 02.11.2011 - 17:26
die Stricher sin "Grass"...

Mam Rècht hues Du Rècht smile
DenShadoW 01.11.2011 - 20:39
Also ech fannen dës Iddi as eng gutt Richtung fier weider ze fuerschen ... Dën Cubekadrage fannen Ech och hei besser ... ët lenkt naischt méi vum Model oof ... Perséinlech géif Ech vlait och eng kéier probéiren den Hannergrond méi dem Model unzepassen ... hei hätt vleicht déi Landschaft am Hierscht besser gepasst ..vun der Blierderfaarw hier ... an den Nuancen vum Model sengen Hoer ... just eng Iddi closed_eye ...natierlech waat hei d'Bea unbelaangt Vito , A wéi ëmmer cool
m-otiv 02.11.2011 - 17:25
merci Mike
Pit 01.11.2011 - 23:45
Ech fannen dat doten eng ganz interessant Kombinatioun, déi et verdëngt 'weidergeforscht' ze gin. Ech fannen, dat sech déi 2 Techniken tip top ergänzen an esou praktesch eng nei 'Art' vun Fotoen entstin. Mach roueg mol an déi Richtung weider smile Mir jiddenfalls gefält dat doten ganz gudd.
JADE 02.11.2011 - 01:41
ech lancéieren mech dann och
technesch kann ech guer näischt soen, ech kucken elo emol einfach d'Resultat, an ët ass meng ganz perséinlech Meenung an engagéiert just mech

perséinlech, also, sprëcht d'Resultat mech guer nët un
Läit ët villäicht un den Faarwen? um MU (wou ech den Kontext mam HG nët direkt erkennen kann, resp. wou ech nët beieneen passend fannen)?
läit ët un daer Kombinatioun Model (MU)/Landschaft? oder läit ët dorunner dass d'Landschaft wéi een Poster hannendrun ausgesäit?

mech deet dëst Bild an dëss Ëmsetzung/dëss Technik un déi ganz héifeg Biller vum Jesus Christus an vun der Muttergottes denken, déi ech oft/meeschtens zimmlech "kitscheg" fannen

fir elo awer op deng eigentlech Fro ze äntweren:
sëcher kanns du weider an déi Richtung forschen, dëst ass jo och eréicht een 1. Test deen mir hei ze gesin kréien, also kann sëcher nach weider geforscht gin
esou wéi ët elo ass, huet ët bei mir keen Woaow-Effekt ausgeléist
ech muss esouguer zougin, dass ët mech e bessi irritéiert huet well ech den Zesummenhang nët erkannt hun, well ët onnatierlech ausgesäit (ass awer villäicht och an deem Stil erwënscht?) an well ët mech un den Stil vun den religiéisen Biller errënnert huet, Stil deen ech perséinlech nët als kënschtleresch gesin

sans vouloir t'offenser, j'ai juste voulu donner mon avis trèèèès personnel closed_eye
awer, wann daat deng Richtung soll gin/sin, dann géi an déi Richtung wann sie DIR gefällt, well daat elleng zielt
m-otiv 02.11.2011 - 17:25
merci fir deng konstruktiv Kritik smile
Shantideva 02.11.2011 - 15:00
D'Idee gëtt et jo schon méi laang an gëtt och of erfollegräich ëmgesat. Obs du elo solls domat weider maachen ass dir iwwerlooss. Heimat sinn ech perséinlech elo als éischten Versuch net grad sou begeeschtert. Gierf et vun engem Aneren kommen gierf ech et wuel manner kritesch kucken awer dat ass elo, am Géigesätz zu dengen aneren Saachen net sou iwwerzeegend. Op der anerer Säit gierf ech perséinlech den HDR just fir déi Situatiounen benotzen wou et och néideg ass an net unbedingt deng Style-Richtung elo dowéinst beaflossen loossen. Als Mëttel zum Zweck fir mech perséinlech OK, awer ech gierf dat net zum Leitm-otiv maachen. closed_eye
m-otiv 02.11.2011 - 17:24
merci Shanti cool

Stilrichtung am Senn dass et mir eng nei Dier opmaachen sollt...net alles opginn fir nemmen nach esou Saachen ze maan...

Ech wollt iergendwéi meng Aal Leidenschaft matt der neier zesummebréngen (ouni Erfoleg bis elo smile

Mä Ech sin schon stuer an probéieren mir méi Gedanken schon bei der prise ze maan...

Waat d'iddi ubelaangt, ass et schon eng approch die extreem Zaitopwändeg ass (Hannergronn ass HDR, Portrait ass am Studio, High-End Retouche plus nach den Composing duerno) Also eng Série heivunner wäert dir net direkt gesinn smile
endorphine 02.11.2011 - 23:38
black swan? flott awer!smile
krautheim 06.11.2011 - 20:10
Ech denke mir dat et mat deser Approche schwéier get fir e Resultat ze produzéieren dat net no Composing ausgesäit. Zumols dann, wanns du däin Model wells z.B. ganz an en HDR Hannergrond plazéieren. Menger Meenung no wier et villäicht méi interessant däin Model am Kontext ze fotograféieren an dann de Kontext/Hannergrond ouni de Model am HDR festzehalen an dann réischt de Model zeréck an den Hannergrond ze retouschéieren. As zwar och opwänneg, awer d´Verbindung vum Model a Kontext bleiwt bestoen an du kanns och méi einfach ganzkierper Porträiten realiséieren.
m-otiv 06.11.2011 - 20:12
yep....daat ass de Plang closed_eye
krautheim 06.11.2011 - 20:15
si gespannt op déi éischt Resultater smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 501 Gäscht online