Et wier besser eriwwer komm wann däin Motiv hei isoléiert gewiescht wier. Alles ass schaarf an den Sujet ass genau an der Mëtt. Duerch den Sepia hues du däin Sujet nach besser an den Hannergrond agebett. Also hues du hei déi beschten Viraussetzungen geschaf fir eng oninteressant Foto ze maachen. Wat hues du vun Objektiv? Wann f/5.6 däin Minimum ass, dann géi méi no un den Sujet erun fir eng Déiftenonschäerft ze kréien an och doduerch déi ofgeschnidden Griewer am Virgrond ze vermeiden (awer dann vermeit och mam 'Program'-Modus ze schaffen - AV z.B.). (c.f. Hyperfocal Distanz).
Ah, OK, mat dem Objektiv kanns du jo schon flott Saachen maachen. Probéier villäicht dech mat den Av oder Tv Modus unzefrënnen. Dann hues du schon méi Kontroll. Am beschten zwar M, awer dann muss du den Apparat schon gutt kennen. Déi aner Foto mat den Villercher ass awer dofir em sou gutt ginn.