richteg flott, mä esou e Bild lieft vun der Schäerft also Déifteschäerft,
an hei fehlt e bëssen, hues de schon emol probéiert ze "stacken".
(ech weess awer dat dat bei liewegen Déiercher bal onméiglech ass)
Mjo, stacken geht leider nemmen wann sech guer nix beweegt. Blaatleis bidden sech do un. Also ech versichen Deiftenschärft e virzetäuschen andeems ech d'Insekt esou dreien, dass et an der Längt duerch de Focusberaich leeft.
Ech denken grad drun, dass een et keint ouni Bletz bei enger Solitärbei probeieren (well de Bletz leist d'Deieren zucken oder carrément d'Flucht ergraifen). Ech muss nemmen eng fannen dei schleift. Se hacken sech matt hieren Zaangen un Grashalmer fest an beweegen sech net am gerengsten. Daat keint klappen.
fir Biller mat deenen dote Vergréisserungen ze maachen,
dat ass souwisou esou speziell dat ech do technesch net méi matschwätze kann.
Ech fannen et iwwerhaapt flott dat een hei sech esou spezialiséiert huet
Vum techneschen hier gesinn, waat elo d'Objektiv betrefft, muss een sech halt just un deen dennen Fokusberaich gewinnen. Deen helt matt der Vergreisserung oof. Ech hun mettlerweilen rausfond, dass 2,5x en zimmlech gudden Kompromess as.
Also ech gouf an der lechter Wkanz ennerhalb vun 2 minuten 4 mol vun souenger gepickt. daat ginn riesen Plaatzen Zumols wann een nach alergesch Reaktiounen ob Stech mecht
Hun och grad sou eng op menger fensterscheif setzen. Bei mir ass d Foto allerdengs net sou immens. Mee daat ass jo normal, hun jo keen richtegt macroobjektiv
Jo, mee dat geld hun ech nach net. villeicht wann ech mol am summer schaffen war, oder an puer joer reicht xD oder ech probeieren et mol mat dem 55-250mm daat geet warscheinlech och schon besser