Also daat sech eroof geheien get Problematesch, bei esou vill Fensteren, an kann een sech net décidéieren aus wei enger, ausser et sprengt een vum Daach. Fir Spanneren eng optimal Vue, flott interpréteiert.
Ah jo vum Daag... mé do kennt én och net erop... dei maachen alles zou!
Mé bon daat mamm eroofsprangen ... ass just nemmen eng Provokatioun vun der Fantaisie... mé dei ass stark kommenteiert ginn... Jo mir wellen och nemmen , hai an do, meeschter vum Liewen sinn an se net faerten!
Mein Nopper ass mat 16 Joër vun der Passerell an der Stadt gesprongen, an dobäi huet een him seng Verzweifelung net ungesin, mä du bass eischter een Überflieger, keen Runterflieger
fir ze kucken an ze luussen
fir sech erofzegeheien nee, nee ech hun nach vill Dreem fir d'Liewen
....en plus an sou enge Gebeier kritt een d'Fensteren guer nët méi op, do muss ee mat der Clim. liewen an sech e bessi agespaart fillen
besonnesch gudd gefällt mir hei deen diagonale Schied an dee klenge Luusert zwëscht de Gebeier op d'Strooss
Ech net!!! Nie ... ech werfen mech an fir ze frecken nie do eroof....
Mé et faert én do eroofzefaalen... an ewei an enger Psychose ... dei Iddi do ass baal emmer present bei baal all dénen dei do eroppklammen
"A house is a machine for living in," (huet 1921 den avant-garde Architekt Le Corbusier gemengt). Déi Foto erënnert mech un den Artikel "Mass Storage" iwwert eng Serie mam selwechten Numm vum Fotograf Joachim Hildebrand aus der leschter LFI. Ganz flott an schéin riicht.
Edit: Hmmm... Erofsprangen erënnert mech un eng Persoun déi ech kierzlech begruewen hunn... Eng mënschlech Schwächt déi een keen Milimeter weider bréngt, am Contraire...
Merci mir den JH mir zur kenntnis gebruecht ze hun. Effektivement eng Moodreich situatioun.
Eroofsprangen ass eng Provokatioun zur Fantaisie.
Domaden hun ech net den Suicide gemengt mé just nemmen den Drang zur Freiheet den dech erwescht wannste do virdrunn bass...
Ech délen absolut deng Ménung dass den Erofsprangen am Sënn vum Selbstmord sech net virunbrengt mé den Punkt setzt, ouni en neien Kapitel ze wellen an nach manner én neien Paragraph...
D'Liewen ass e Spill dén mir spillen sollten bis um Ënn...
E Punkt, jo... Awer all Ufank ass jo no engem Enn ugaangen. Also ass dat jo dann just een Ufank vun engem neien Wee den doduerch op keen Fall méi einfach gëtt. Merci fir deng Erklärung.
An eisem liewen ass alles een weidergoen. Weidergoen och an engem neie Buch . Am fong sinn mir d auteuren vun eiser biography. Ech sinn am fong en ferwenten Existenzialist a la kirkegaard
Du hues alles verstaan!
Merci!
An de link ass genial!
Et get , a propos, eng ganz leiw persoun dei mir des lescht gesoot huet:
D freiheet leit an der creativiteit, an d creativiteit ass freiheet!
Erofsprangen ass dei IDEE ouni realiteit ( muss jo net onbedingt daat preziseiert ginn) fir sech opzeleisen an dei freiheet dei sech jidderen erwenscht!
Christus, Buddha, an och den Einstein hunn neischt aaneschters gemeet ewei den ganzen Zeiten ze fleien , ouni dass irgendwei en Rezeptor besaat ginn ass fir en paradis artificiel ze schaafen. Ass daat elo realiteit?
eroof werfen ? huet mech elo spontan un den sproch aus dem film "La Haine" erennert
"Jusqu'ici tout va bien, jusqu'ici tout va bien, jusqu'ici tout va bien..." Mais l'important, c'est pas la chute c'est l'atterrissage."
wann ech do geif wunnen mengen ech haet ech eng sammlung vun spektiven .. ass bestemmt besser wei fernseh kucken do an dei fensteren eran ze kucken.
Flott Foto cheffe.