Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Roof Horizon

 
Roof Horizon
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.05.2011
  • Gekuckt:
    26634
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/14
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x867
  • Späicherplaz:
    428 KB
  • Originaldatum:
    2011:05:07 16:58:43
  • Fotoapparat:
    NIKON D7000
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Sigma 17-50mm 1:2,8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55332]
Kommentar vum Fotograf:
Gare des Guillemenis zu Léck: Ausblëck vun bannen eropp op den Daach.

Gebai entworf vum Architekt Santiago CALATRAVA (ESP). Interessant Infos an Photoen vun sengen Creatiounen opp sengem site http://www.calatrava.com
OK-Photography 10.05.2011 - 21:09
as an bleift eng schenial Konschtruktioun! bigsmile
gefellt mer gudd waats de draus gemaach hues!

wanns de se bessi entzerrs giff dei Kéier dei mat den 17mm entsteet net mei sou opfaalen...(as awer een Detail) closed_eye
neb 10.05.2011 - 21:59
ass eng typesch oli foto (;
VeloBen 12.05.2011 - 18:51
Merci Oli!

Wierklech een spekakulaert Gebai. Mat den Linen hies de Recht. Misst een änneren. Kann een daat am PS maachen oder brauch een dofier en speziellt Programm?
OK-Photography 13.05.2011 - 16:48
hehe smile am photoshop kanns de ALLES maachen!! tongue

enner filter->distort->lens correction fens de tool fir ze entzerren, geet relativ gudd an seier,
du muss just dOriginalfoto huelen fir se ze entzerren, gecropt get reicht duerno... closed_eye
VeloBen 13.05.2011 - 22:25
Gut ze wëssen!
Poly 10.05.2011 - 21:29
mer gefëllt se wonnerbar, zemools déi Linnen déi sech an der Mëtt treffen, an dat e mengt giff en déi aner Säit erëm eroffalen smile
VeloBen 12.05.2011 - 18:49
Merci! Jo dei Linen sin ganz verlockend als Fotomotiver.
Schluck 10.05.2011 - 21:37
Do gët ët engem jo schwindelech ... ganz flott Linen
VeloBen 12.05.2011 - 18:49
Merci! jo bannen am Gebai huet een en ganzt komescht Gefill. More to come...
Jean-Jos 10.05.2011 - 21:38
Très bien VeloBen, do wollt ech schons ëmmer emol Sonndes hin.
Mir gefällt nët nëmmen déi quasi Monochromissitéit, mee och, wéi's de d'Linnen féiers; durech den zimmlech héiche Kontrast kommen 'Konterbalken' am iewëschten Deel bal schwarz eraus, wat dem Bild gutt deet.
VeloBen 12.05.2011 - 18:48
Merci!

Jo ass een Weekendtrip derwert fier dohinner.
Zora 10.05.2011 - 21:42
Alles huet een Mettelpunkt, zeguer deng Foto, an daat gefällt merclosed_eye
VeloBen 12.05.2011 - 18:47
Merci Zora!
ZerberuZ 10.05.2011 - 22:20
flott spill mat den linnen, gefaellt dei foto do
VeloBen 12.05.2011 - 18:47
Merci dier och. Jo ganz fazinant Linen iwerall. More to come...
mischii 10.05.2011 - 23:43
gefällt mer gudd , war och viru kuerzem do,
eng Spillwiss per excellence, do ass een dronken wann een erausgeet
VeloBen 12.05.2011 - 18:47
Merci! Ass eng ganz graphescht Gebai absolut derwert kucken ze goen. Dronkeg kann et engem wierklech do gin.
sylvie 11.05.2011 - 20:06
ganz flott mat den Linnen geschafft , gefällt mer. Ech muss och eng Kéier dohinner goen smile
VeloBen 12.05.2011 - 18:46
Merci. Jo ass derwert fier dohin. Sin och vill Fotographen ennerwee do.
gi87 11.05.2011 - 22:32
Ganz Interessant Motiv ! Gudd gesin !
VeloBen 12.05.2011 - 18:46
Merci dier och. More to come...
He-Lx 12.05.2011 - 11:48
Super.
Bildschnëtt a Grafik sin fantastesch!
VeloBen 12.05.2011 - 18:45
Merci! Ass eng ganz graphescht Gebai absolut derwert kucken ze goen.
He-Lx 12.05.2011 - 20:50
Ech kennen et, ma ech woar fir d0lescht do wou et nach am Bau woar
VeloBen 12.05.2011 - 21:15
Ok. Mettlerweil tummelen sech och emmer vill Fotographen do. Hun bestemmt iwer eng Dozen waehrend menger Stonn do begeint.
AalenKnipser 12.05.2011 - 20:51
Jo dat ass super gudd, deng Linen an der Mëtt déi nobaussen op dat Donkelt rausginn !
VeloBen 12.05.2011 - 21:16
Merci. Ass awer e weineg verschafft gin. Am original war se bessen fade.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 516 Gäscht online