mat flott gesin, as vum technechen Standpunkt hier kengem geholef!
et fehlt hai kloer un Bildopbau an Investitioun/Wessen an punkto FOTOGRAFIE, fannen et schued dass dir 3 iech just géigesäiteg "schéin Foto Punkt" schreift.....
(?)
Muss dir mol d'Froo stellen virwat dat esou ass !
Mengs de nët dat dir eng Fra,
déi bal 70 Joer aal ass,
déi elo ufängt mat Fotoen maachen
an op dem PC kloor kennt ,
sollen POSITIV ënnerstetzen,
an nët arrogant sollen ferdig maachen !!
Dann weisst denen "Aalen" mol wei enn Bildopbau, Investition an Wessen an Punkto Fotografie mescht.
Fotografie baut, wei all aner Konscht och, zum groussen Deel op Technik op. Wann een déi bis huet (waat net schwéier as, an just bedeit dass een sech ganz weineg mat hier auserneen setzen muss), kann een séier Meeschterwierker schaafen.
Wann ech dKommentarer hai awer richteg verstin, sin ech mer net secher op Interessi besteet sech genau op dem Punkt ze verbesseren.
(Iwwert Wieder wei arrogant, geschwollen an den BigBrother lo mol kuerzerhand eweschgekukt - well ech der Meenung sinn, an och bleiwen, dass grad een "Aalen" DAAT besser kann! )
PS: et guffen SECHER schon Tipps bei dFotoen derbai geschriff, dei allerdings dem eischten Androck no, nie sou richteg probeiert guffen em ze setzen.
(Och hai, guff dem Gloda sain Kommentar, mol net beäntwert!) Schued (ech widderhuelen mech....)
mama,
du kenn's jo déi Jonk. Wann se net esou wieren wei se sinn, da wieren se well méi al. Ech sinn awer iwwerzeegt dass se gären géifen hëllefen. Fir awer kennen ze hëllefen, muss een mindestens e puer Donnéeën iwwert eng Foto hunn. Duerfir hunn ech no den Exif-Daten gefrot. So eis mol einfach déi Daten vun där 5. Foto. Mir wäerten dann eng Diskussioun mat manner "Passioun" kréien. De "big brother" huet deng Fotoen eropgesat well deen weess dass déi Diskussiounen ausléise wäert an hofft dass déi nëtzlech fir jiddereen ausgoën misst.
Dat Allerwichtegst bleift awer: looss dir d'Freed um Fotoe maachen net huelen och wann heiansdo gebaupst gëtt.