Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kierchbierg

 
Kierchbierg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.04.2011
  • Gekuckt:
    22300
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    980x753
  • Späicherplaz:
    353 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    7D
  • Programm:
  • Objektiv:
    24-105mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=54621]
Kommentar vum Fotograf:
Hei dei zweet Versioun, hun Gebeier lemks an riets mei riet gezun.
Pixelman 13.04.2011 - 11:41
fier mech en excellenten HDR, d'Gebeier kommen richteg plastesch eraus.
_MiAmI_ 13.04.2011 - 12:35
THX smile
xaph32 13.04.2011 - 11:45
dain tonemapping ass uerdentlëch an d'box gaangen, sorry fir déi direkt ausso. folgendes du hues waiss haloen dran an dann och nach dat berühmten hdr-gro am himmel. an dat ass schued, well d'foto soss nämlech funktionéiert
_MiAmI_ 13.04.2011 - 12:34
daat mat dem Halo wees ech, kruut et och net richteg eweg!
Daat groot am Himmel fannen ech perseinlech gud. Gro as menges.
Mee iwert den "affaire de gout" fänken ech net mei un mat diskuteieren, well döfir stin genuch "riesen Texter" am Forum.

Mee huelen deng Kritik awa gären un, well wei gesoot den Halo mech och steiert!.
Mika 13.04.2011 - 13:55
Iwwert den Himmel kann een jo nach diskutéieren, wann d'Haloen mol raussinn...HDR ass wierklech just eng Saach vun Üben an Ausprobéieren, also let's go closed_eye
xaph32 13.04.2011 - 15:18
ech denken fir déi riesen-diskussiounen am forum sin ech jo deelweis matt responsabel. "affaire de goût" ass nët diskutabel, ass richteg, och wann ech dacks genuch der meenung sin dass et en verleenheets-argument ass, me gutt. wann een sëch dann op technëch fehler beschränkt, sou wéi ech et hei gemeet hun, soen ech der just dass den hdr-gro allgemeng als en no-go zielt, an och naischt ass wat ech lo erfonnt hätt, et zielt eben als en no-go well et als absolut "künstlëch" an eben nët als "künstlerëch" riwwerkënnt an dat ass fir mëch perséinlëch déi kleng subtil differenz fir et als e fehler ze gesin an et eben nët zu enger affaire de goût ze man. me et ass och wéi ëmmer nëmmen main perséinlëchen gedanken zu dëser foto, an jiddereen mëcht domadder wat en wëll closed_eye
_MiAmI_ 13.04.2011 - 17:45
keen thema, huelen dein "no-go" ouni problem un closed_eye
DarkRoom 13.04.2011 - 18:40
eben grad deen künstlechen, liicht comic mässegen touch, gefällt mir hei
mee, wei gesoot : affaire de goût closed_eye
He-Lx 13.04.2011 - 14:01
Esou ass se tiptop.
_MiAmI_ 13.04.2011 - 17:46
merci, jo vleit sust na puer klengegkeeten.
Richie 13.04.2011 - 14:43
Esou ass se Top.
Gutt Arbecht
_MiAmI_ 13.04.2011 - 17:48
wei den darkroom schons soot, Bänk dei steiert awa e bessen.
thx awa
Zora 13.04.2011 - 17:20
Fannen se och supersmile
_MiAmI_ 13.04.2011 - 17:47
merci och.
DarkRoom 13.04.2011 - 17:25
Gefällt mir trotz Halo'en
(daat get deem ganzen nämlech en speziellen Touch deen ech ganz interessant fannen)
Ech hätt wahrscheinlech just dei Bänk ennen lenks eweg gemaach, dei stéiert d'Symetrie am Bild an mengen Aan
_MiAmI_ 13.04.2011 - 17:47
thx smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 716 Gäscht online