Wahnsinn!! Also wanns de mer lo nach sees dass de deen an der fräier Wildbahn, a net an engem Zoo, Parc, oder sou fotographéiert hues, da gin ech et op... =;o)
Du hues d'Fulleschéissen einfach drop, dat muss een der lossen =;o)
Wanns de sees "Out of the Box", da kann dat sech an desem Fall awer net op dee perfekt schwarzen Hannergrond bezéien, oder?
Dach den Hannergrond ass Original. De Villchen (oder besser gesoot den Adler) soutz virun enger donkeler Hütt). Natiirlech bei ons am Besch :o))) Nee - am Naturpark Hellenthal zweschen Prüm a Köln (et ass genial do)
erziel eis e besjen méi iwwer dës Foto, sos gin ech dervun aus das en ausgestoppt an denger Stuff steet Wann se awer sou echt as wöi dendan et schreift...
D'Foto ass effektiv gudd geholl... megaschaarf gudd cadreiert gudd faarwen. Mee se ass net sou extra dat se dei bäschten Foto vun desem Site sollt sin... ech fannen se nach e bessi ze donkel an d'faarwen sin na net sou mega mega mega mega mega... ass eng gudd foto mee och net mei...
géif mech interesséieren wéis de bei deem Vull méi Faarwen wells dra kréien.... Ech gesinn Du mechs nemmen schwarz / waiss Fotoen, do hues de natiirlech cool Faarwen dran.
De Waisskopf Adler ass e ganz Mysteriösen Vull an firun engem waissen Hannergrond géif en iwwerhapt net zur Geltung kommen - mee Du als Expert waerts dat jo wessen ;o)
merci fiir dei leif äntwert... mee wann s'de keng kritiken wells... och wann ech net en professionellen Fotograf sin an keng super fotoen selwer man kann ech vlait awer Fotoen kucken mat aneren vergleichen. Ech perseinlech hätt d'Foto einfach an der Natur mat engem grengen verschwommenen Hannergrond mei natiirlech fonnt. An mat den Faarwen dat hun ech sou gemengt dat se keinten na mei kräfteg sin. Se sin schon wierklech richteg kräfteg mee et huet een na bessi d'impressioun wei wann keng optimal liichtverhältnisser waren... mee ech als Expert dierf jo sou saachen net mengen... pardon dat ech der hellefen wollt ...
D'Luucht war wirklech net optimal, mee ech emfannen et jhust als Provokatioun wann een 10 mol dat selwecht Wuert (wéi hei zB mega mega mega...) hannerteneen schreiwt ;o)
An iwwregens Profi sin ech wirklech net a well ech och net sin.
An: déi bescht Fotoen stinn hei wirklech net uewen an der Lescht.
Klengen Tipp: Selwer mol probéieren ier een 10 mol mega mega schreiwt - kuck emol wat derbai eraus kennt ;o)
Du hues den Adler do wiirklech schéin scharf erwëscht, Kompliment. Mat dem schwaarzen Hannergronn kann ech mech leider zwar och nët sou ufrënden, mee wann den effektiv sou war, da kanns du dodrun jo och naischt änneren
Ansonsten ganz flott Photo!
Hues du och nach Photo vun dem Adler wou e bëssi méi vun him ze gesin ass? Giff mech wiirklech interesséieren déi ze gesin falls du där der hues, ass nämlech en immens schéint Déier.
Ha Hellenthal, ass genial do an gemitterlech, du brauchs net alles ze Fouss ze maachen, et get en Zuch den dech mathöllt ;-o) Zur Photo: Extra, wann et déi Plaaz ass wou ech mengen, dann sin d'Liichtverhältnisser do jo och nach net esou super gewierscht. Mee bei denger Prise stemmt alles.