Ech hunn bal 0 Ahnung
vu PS(e), Soffel.
Wann een d Kuck net huet,
di perséinlech,
dann notzt den PS och näischt.
Wann een d Kuck dann awer hätt,
dann ass souguer de PS
en netzlechen "outil".
Jo daat ass och wouer! ech hun laang gesoot ech geif fannen dass dei Leit dei Fotoen maan an se dono mat PS verschaffen amfong keng Fotoen kennen maan, soss geingen se et dirket richteg maan! Mee mettlerweil denken ech net mei sou!
Fotoë maachen, Soffel,
ass eng Saach vu Fantasie,
a wann dann d'Resultat dovun
mat PS
kann verbessert ginn,
...desto méi schéin.
Eng Postkaart vun New York
géif soss riskéieren
ëmmer eng Postkaart ze bleiwen.
Di 3 ? sinn effektiv e bëssen kryptesch.
Dat ass wéi mam Kachen:
1 Rezept nokachen gëtt ni esou gutt
wéi wann een, lues a lues,
selwer erausfonnt hätt
wéi et am Beschten ginn wär.