550D? wouhinn hueste du dei?
Also dei erenneren mech un de Fotoen vun Mann an Fra Berger ... Super riicht an fantastesch Chromatesch Kontraster, Linnen verlaaf den esouzesoen perfekt ass.
Et ass eben net esou eng EyeCandy... mé dei sé trotzdem Fill.
D'Ikonisatioun vun der realiteit duerch Fotographie ass eng Saache dei nach net esou verstaanen ass.
Ikonen maachen, jo natierlech ikoniséiere mer eis Biller hei, wann de Nikon lo matliest, dann liest hien.... mer nikoniséieren eis Biller ... wann, da ginn se canoniséiert gëll !!
Ah jo d'550, ech hun eppes mat vill Pixelen gebraucht, op dat ech net zefill muss oppassen a bezuelbar ass ...
"D'Ikonisatioun" (eikon) "vun der Realitéit duerch d'Fotographie" kënnt awer no un den "art par hasard ?" (mat Fragezeichen)!
Steril ass di do,
kal (Gottseidank ass Orange dran),
duerchduecht, iwwerluecht,
geometresch perfekt:
bal wéi vum Reissbriët.
Technesch cool also !
Firwat beréiert se eis
dann dobannen ?
Eng Top-Foto, Ed,
fir mech emol.
An di canoniséiert Nikonen,
dat ass well bal Cabaret,
am beschte Sënn vum Wuert.
de Gros vun all eiser (meng och ?) Biller déi mer hei weisen, sinn jo iergendwéi en "art par hasard" Laafe mer net all Daach laanscht 1000den vu Motiver ouni opzepassen ouni se ze realiséieren oder ze ewerhapt ze fillen ?
Wa mer dann e bëssen vun eisem Alldag (zumols dén op der Arbecht ) ofschalten , a net eisen zeg Pflichten déi jo jiddereen vun eis hei huet , musse nogoen, da fänke mer op eemol erëm un richteg riets a lenks ze kucken, an den "art par hasard" sprèngt eis einfach virun d'Lens .
Wann een dann nach grad eng Lumix oder G an der Tësch huet ....
Genau daat dir 2 ... Sou hun ech et gemengt ouni an den nIkoniseirng oder Kononiseierung eriwerzegoen... soss geif én dech nach fir den JP den 2ten haalen