War geschter op Leck mer mol unkucken wei dei nei Gare am baal ganz färdegen ausgeseit, nodeems ech 3 Joer laang baal all WE zweemol derduech gelaaf sin wei se am bau war.
Des TGV-Gare as fum Architect Santiago Calatrava entworf gin.
Ech fannen dass d Architekten och e Recht drop hunn fir ernimmt ze ginn. Och si hunn sech Gedanken gemaach iwwer Liicht, Symmetrie, an de Rescht. Ouni den Architekt haess du des Fotoen net kenne maachen.
All dat ännert awer näischt un der Qualitéit vun denge Fotoen.
Jop, se as wirklech flott gin, wann lo nach rondrem d'Gare mei Plaatz wier, dat se besser zuer Gelltung kennt, mee daat as der Lecker-Stattplaanung hieren Probleem
An en Tipp, fuhr am Wanter net mam Auto op Leck, d'Lächer op der Autobunn sin einfach nemmen Krass ...
Super Serie, dei ass 2. ass Top an der Perspektiv, dei 4. wier och genial mais leider steiert mech do dass se awer nët ganz symetrech ass ... soss wier dat vun der Perspektiv mein Fav
Schein wann se der gefaalen, jo, bei der 4. as mer leider reicht hei heem opgefall dat ech d'Mett awer net ganz geroden hun, se huet mer trotzdeem gefall an huet missen mat an d'Serie
Jo, ob allen Fall, dat wollt ech jo och soën ... dei ass immens ... gesait aus wei an engem Fëschsklett oder sou aenlech. Dofir ass dei zweet jo Top !!
Kontrast stemmen ech zou, schwarz -weis, mol kucken, ech sin mei sou en Faarwen-Mensch an grad dei warm an kaal Faarwen hun mer un deser Foto sou gudd gefall
jo, mech begeeschtert sou Architektur och emmer, hun just net emmer sou d'Aan fir se an Scene zesetzen, dofir freet et mech em sou mei wann d'Fotoen gefaalen
Jo, Leck mecht epes aus sech. Als Äntwert op d'Gare hun se och nach en groussen Shoppingcenter am Cartier Longdoz opgeriicht: Mediacité . Hei huet och nees en zimlech berühmtnen Architekt mat gewierkt, den Ron Arad.