Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nathalie vum Porn Queen set

 
All Fotoen an dëser Serie:
11469 Thumbnail
11470 Thumbnail
11471 Thumbnail
11472 Thumbnail
11473 Thumbnail
Nathalie vum Porn Queen set
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.11.2010
  • Gekuckt:
    27871
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
    06.112010
  • Fotoapparat:
    5D
  • Objektiv:
    canon EF 24-105mm f4L IS USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50794]
Kommentar vum Fotograf:
an d' Nathalie, dat 4. Model bei dem Promotion shoot vu Porn Queen band
tomdi 19.11.2010 - 16:32
Du bass schnell ewei den Bletz, ...... closed_eye KeeBletz ..
KeeBlitz 19.11.2010 - 17:13
KeeBlitz wär et fir richteg, war démols e Schreiwfeeler unhappy
tomdi 19.11.2010 - 17:50
bigsmile ...... excellent ....
suraki 19.11.2010 - 16:57
KeeBletz, awer dann en decke Scheinwerferbigsmile
flott Serie hu der do gemach !
KeeBlitz 19.11.2010 - 17:17
Suraki, .........dach dach, e puer Blëtzer, oder sou
mäin Nickname staamt aus enger Zäit, wou ech nach keng Blëtzer hat an se och net kannt hunn

Merci!
suraki 19.11.2010 - 20:54
bas du schon esou al, an ech duecht ech wär een vu deenen eelsten,
..... ech hunn d'Bletzer jo nach vun deemools kannt, ewéi et nach Wierfele waren closed_eye
KeeBlitz 19.11.2010 - 22:30
dat bass du och, ech hun d'Wierfelen awer och nach kannt, als Kand eben, du hun ech nach keng Biller gemach
Metalbambi 19.11.2010 - 19:45
Nummer 3 wier top mat en bëssen méi Highlights!
Loki 20.11.2010 - 16:38
Notzlosen Kommentar am Ufank:

Also mär gefällt di ganz Serie ganz gudd! D'Fotoen hun eppes waat mech direkt ugesprach huet. Meng favourites hei sin di zwou läscht.


Sou a lo deen (hoffentlech) mi nëtzleschen Kommentar tongue:
Also, ganz schick fannen ech d'Beliichtung well se onkonventionell ass an d'Vignettéierung leed de Bléck ménger Meenung no och op di richteg Partien vun de Biller. Bei der éischter Foto hun ech mech gefrot ob eng besse mi transparent Vignette net och schon duergaangen wier, well d'Bild esou op mech awer arg enk wierkt. A moins dass daat den gewënschten Effekt war, dann ass daat natirlech völleg ok!

Foto Nr. 3 ass top, gudden Opbau, staarke Wénkel, schéine Bléck an de Kontrast am Zesummespill mat den desaturéierten Farwen gin dem Ganzen eng relativ 'roughness' di 1A bei d'Rock-Thema passt. Just eeeee klenge Punkt: d'Nathalie hällt hei seng Guitar e bessen onnatirlech, resp. e besse verkrampft, wi wann et eng AK47 wier. D'Pose ass exzellent mee ech denken mat engem Schëllergurt wou d'Guitar dru gehaangen hätt, hätt een d'Foto e besse mi kinnten 'strecken' (z.b. Guitar liicht mam Hals no uewen, net horizontal) an d'Nathalie e besse mi entspaanen, resp. rockeg ausgesin loossen. Ech wier interesséiert d'Story/d'Iddi hannert deer Pose op der Foto ze héieren smile

Di läscht Foto ass super! Daat ass vum Opbau immens, d'Beliichtung stemmt och, d'Pose ass natirlech an di erausgestreckten Zong gett dem Bild de läschte Schlëff. Giff ech mer direkt un d'Mauer hänken closed_eye Just Fro dozou: ech erkennen ennert séngem Arm iwwerhapt kee Kierper méi, et gesait e bessen sou aus wi wann et giff schwiewen. Ass daat d'Vignette di e liichte Reflet/Halo vun den Kleeder schléckt oder war et do effektiv sou daischter? Ech denken nämlech wann een do nach gaaaanz liicht d'Konturen vu séngem Réck & Bauch giff gesin, da giff d'Bild nach mi plasteg wierken an nach zousätzlech u Perspektiv gewannen.

Hoffen méng éischt Versich eng Foto ze kommentéieren sin net komplett an den Eemer gaangen an reegen zum gedankelechen Austäusch un. Et kann ee mer och roueg soen wann ech niewt der Plack leien %u02C6%u02C6.
KeeBlitz 22.11.2010 - 12:29
Moie Loki
sorry dat ech net éischter äntweren, war de w-e zimlech beschäftegt
Vignettéierung ass eng Saach vu Goût an se ass hei nun emol mi "haart" ausgefall...
Haltung vun der Guitar ass leider e bëssen ënnergaang......mir waren total an Zäitdrockgeroden, wëll mer d'Location hu missen em eng bestëmmten Zäit verloossen an dat mam Schëllerrimm ass e bëssen ënnergaang......dat ass d'Story, leider.......
et war eis op de Geste vis-à-vis vum Mikro ukomm an hunn dofir d'Luucht dorop konzentréiert
merci fir deng cc , mir huelen eis déi gär zu Häerz, .....no engem shoot ass virun engem shoot smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 612 Gäscht online