Nee, dat war e bëssi ironesch gemengt (alt erëm)...
Eng Foto déi gemeet ass kann een jo net méi änneren, awer wann's du nach eng kéier Loscht häss déi Foto do ze maachen gierf ech se perséinlech besser fannen wann een uewen méi gierf gesinn vun den Dachleen (iwwert der rietser Fënster). Déi sinn e bëssi ofgeschnidden. Sou Saachen sinn een richtegt Konschtwierk fir een Daachdecker (obwuel mir dat meeschtens net als dat realiséieren)....
Edit: Awer du hues et erkannt!!!
Jo... an beim schreiwen riskéiert een och nach falsch interpretéiert ze ginn. Soit... Et ass e Genoss déi wonnerschéin Daachdeckeraarbecht hei ze kucken. Sou Saachen sinn mir eréischt richteg opgefall wou ech een Daachdecker kennegeléiert hunn. Do sinn der dobäi déi dat sou mat Léift fir den Beruff maachen dass esou een Resultat dobäi erauskënnt. Mat e puer Stecker Zënk bei den Iwwergäng wier et vill méi schnell gaangen an et wier grad sou dicht, awer et wier bei wäitem net sou schéin ginn.
Meng Remarque mat den Linnen war ironesch gemengt awer vun vir geknipst gierf villäicht d'Daachdeckeraarbecht net méi sou zum gutt Virschäin kommen?
Dir hutt alle béid recht. Natierlech hätt ech dat gäeren esou kadréiert, mä denn Hannergrond gëtt dann awer sichtbar an dat wollt ech nët. Elo hutt der mech op eng Iddi bruet, an zwar, déi, d'Location ze verroden (déi sin dach awer meeschten geheim), an Iech evtl. dat ganzt ze weisen, vir besser ze gesin, datt ët e bëssen problematësch ass, de Kadrage hinzekréien.
Dat gleewen ech dir op d'Wuert. D'Wierkung vum Bild wier hin wann een uewen iwwert den Dach gierf erausgesinn. An ech gleewen dir gären dass du do villäicht net vill Alternativen has fir déi Foto ze maachen bzw. cadréieren.