..ech hun dëst Bild mat 3 verschidden Beliichtungszäiten opgeholl, awer ët ass just déi 20sec Beliichtung wou optimal war, an mir d'Waasser mat deem neidegen "Floss" duergestalt huet..
de Kadrage hun ech esou gewielt, dat ech Waasserelementer wou méi rouheg gelaaf sin an d'Extremitéiten vun den 4 Ecken konnt placéieren, an déi doduerch méi donkel sin, an esou eng natiirlech Vignette duerstellen..
Merci villmools, an och fir de Fav, daat ass eng Éier fir mech a freet mech
dat hunn ech mir och geduercht ...
Jo esou ass d'Waasser net Gefruer ... ewei Zocker me mei ewei den Barbe à Papa , esou wei et sollt sinn ..
Ech haalen emmer e bessi Textur am Waasser... hunn dat fir mech perseinlech leiwer mé dat gefaellt net jidderengem
..daat as net schwéier, entweder bei wéineg Liicht photographeieren esou wéi hei, oder awer déi üblech Method, een Neutralgrofilter benotzen.
Esou Filteren gëtt et an verschidden Denstéiten wou d'Liicht reduzéiert gëtt, a wou dann eng Beliichtungszait ''vun e puer Sekonnen'' einfach réaliséierbar ass...
..ech fannen, dat de 'Flow' vum Waasser dir awer schons ganz gut gelongen ass an dengem Bild
...e Polfilter richteg agesaat, esou dat en déi elementar Reflexiounen net ënnerdreckt ass net verkéiert, hien verlängert ëmmerhin och 1 1/2 - 2 Blenden