Extras: Ilford FP4+
Gringgiëlfilter
engem Kollesch säin Nikon Coolscan V ED
Fir anzesetzen: [pg_img=48267]
Kommentar vum Fotograf:
Bei dëser Foto haat ech Dussel op der ganzer Linn... korrekt Beliichtung an derbäi passend Negativentwëckelung (daat ass bei der analoger Fotografie nët ëmmer esou evident)... an de Scan huet och op Anhieb geklappt...
Oh den Horizont an der Mëtt ass jo nett esou schlemm hai ... den Thema ass net d'Mier. Waat ech hai gemét hätt am Digitalen post-processing ass e bessi Luucht an d'Gesiit vum Model Gemét ..
Beim Shooting e klenge Fill Light gebraucht... hueste net gemét bestemmt ... kuck de Brëll kén flash drann
... beim digitalen post processing vun analogen Fotoen sin ech éischter viirsichteg gin, hun do oft bizzar Resultater (vläicht maachen ech och iergendeppes falsch... )
Een dezenten fillflash wiir hei duechaus ubruëcht gewiërcht, mais, ... da muss éen é Flash derbäi hun (hun ech kaum jemols... ) an dovun oofgesin hätt daat mer hei och nët allzevill gehollef... D'Blëtzsynchro ass bei enger klassescher Kamera wéi d'Pentax MX mat horizontalem Duchverschluss just eng mickerëg 1/60s... bei 100 ASA/ISO an der Karibik matten am Daag ze lues, à moins dass é mat Blend 22 oder 32 fotograféiert...
Oups ... Jo d'Synchron ass e bessi lues ... an dann hueste rescht ... 32 Blend ... jo dann dierfste den Himmel net mei an d'Mët stellen (geif ech soen ...)... à mojns que du geifst dech relativ no vum Model stellen ... dann hueste é portrait matt Mie Hannergrond ...
MMMHHH : Jo dann ass alles ok ... D'Conditiounen war dei et puis c'est tout.
jo, jo ... ech sin säit haut erëm zeréck, an elo emol 4 Stonnen lang meng Hänn an och soss all Kierperdeel opgewärmt, hei fréiert een sech jo der Däiwel!!! ... ech wess nët waat besser ass, 38°C oder 12°C ??