Heianso muss esouguer eng Int sech kraatzen :o)
Ech fannen et huet richteg witzeg ausgesinn a wieklechkeet, hoffen dass dat duerch des Foto e bessi eriwwer kennt
Bei mir kënnt di Foto hei ganz gudd un. Ech fannen se sou kadréiert, wéi et muss sin, scharf, wou et néideg as, an de Moment richteg getraff. Wann een net duerch den Titel vum Bild an eng Richtung gestouss géif, kéint een och mengen, di Int géif de Fouss hiëwe, fir ze fillen, ob d'Waasser net ze kaal as. D'Beliichtung op d'Int as schéin an den Hannergrond stéiert net allzevill, obschon en onroueg as, well en am Schied läit a well der Int hier Plommen strukturell a faarfléch an di selwecht Richtung gin. En Intemännchen an der selwéchter Situatioun wier villäicht net esou gudd gewiescht.