Et war dem Haer maerel bestemmt zimlech kaal dat en sech esou opgeplustert hat.
Ech wees, d'Emfeld ass onroueg an net immens, mee de Villchen den ass awer net schlecht oder :o)) ?
Ass erem exzellent, wéi iwregens allegueten deng Villecher bis elo. Jo, du hues Recht, den Hannergrond ass onrouheg, mee hei stéiert dat minimal well d'Märel nun mol e schwuarze Full ass
Wann ee bei sou enger Geleenheet net ofdréckt, da mécht een ni eng Foto. De photogen.lu mat sénge kritesche Memberen, di een am positive Sënn, mat Argusaë verfollechen, huet niëwent deenen ville Viirdeeler, och een Nodeel, wann ech dat esou dierf soen: de Fotograf get esou exigent mat séch selwer an e gräift de Remarke vun deenen aanere scho viiraus, datt ee färte muss, verschidde Biller, géif ee guer net mi maachen, well ee scho virum Ofdrécken d'Mängel méi stark bewärt, wéi dat Positivt. Mais sou soll dat net sin. Well an dësem Bild stéiert dat dach guer net, datt d'Geäschtels vum Baam onroueg wierkt. Een Déier gehéiert jo awer a säin natiirléche Liëwensraum, an dat sin nun mol Aescht bei engem Vull. An dann duerf ee jo roueg Kontraster an e Bild erabrénge fir et méi dynamesch ze maachen. D'Märel as esou schéi beliicht, si setzt op der richteger Plaaz am Bildopbau, si kuckt no riets, also a Liësrichtung, an hirt Plommekleed as schéin däitléch gezeechent. Iwwerhaapt stécht se géint all Gewulls erviir, an dat as jo dat, wat gëllt.
am härtsten sin ech emmer mat mir selwer. Ech kann och mat Kritik ganz gut emgoën (mengen ech emool :o))) ) sou lang se fair ass.
Mee Dir hut Recht, et ass en Amateurforum, mir sin esou wait ech wees keng Profien (oder et sin der villaicht e puer hei...) an et soll einfach Spass machen.