Wei hues du dess geholl.... ? Bass du op engem Kraan geklommen....?
Allzäiten dess Foto soll no menger Ménung vun dénen Jonken Borschten hai um PG gekuckt ginn an Kommenteiert ginn.
Den Opbau, D'Tonaliteiten, de Message intrinsèque vum Auteur.... asw...
De Firwaat haut nemmen eye-candyen d'Wochefoto wannen ass én Zéchen vun aiser Soziéteit. Nu jé.... ais Regierungen sinn och iwerflachlesch ginn an sech ennert der Hauf vun enger EU gerascht....
Genau daat Ed... Nu jé wann én d'Woochefotoen kuckt dann verstéét én alles... dei vun deser Woch ass vun engem Jong gemét ginn den Flott Fotoen mecht mé et ass onnatirlesch ... Ech kennen Jongen dei ginn dei "rare" Luucht sichen , hai ass eng Marsluucht geschaafen ginn ... Et ass lécite daat én dess och flott fend mé de Fotografeschen hannergrond gett net mei considereiert. Et fehlt bei villen un Fotografescher Kultur ... , daat hescht daat dei Jong Borschten an enger irreeller Welt hausen dei Konditioneiert ass vum Virtuellen... Ass et Symptomatesch , eng Fro dei den Charel matt senger Experienz als beobachter och aentwerten keint
hehe, dann as et e PhotoPicasso An Dén huet och nemme gemolt wat d'Léit kaafen wollten. Wat huet en a senger Biografie geschriwen, .... wann d'Léit Portäen mat zwou Nuese wëllen, dann kréien se déi, esou lang se bezuelen
... esou an dém Senn Momentan as knallesch knetschech in, ob et eis Zwée gefällt oder nët.
Mé dest hei Gennaro, gefällt mer, an dir, an ech kann der se all opzielen déi se nach gutt fannen (och wann hei nët méi steht)
Jo sinn ochnet geint daat alles ... Mé de Picasso huet seng Portraiten matt 2 Nuesen och gudd gemét an hien huet matt gudde Saachen d'Lait veraascht ... Hai veraschen mir ais selwer ... dofir ... eng Campagne fir Fotokultur wär wellfomm... oder fillen ech mech ewei den Protagonist vum Servantes Buch?
Den Don Quichote huet Riese mat Wandmille verwiesselt, dee war an enger Hisiicht ee Fantast. Ech weess awer genau waats du mengs. Fotokultur geheiert fir d Jugend an d Geschichtsbicher. Si hun hier eege (Foto)Kultur. Eis blaiwt just heiansdo daer "aanerer" Fotoen eng ze weisen.
Di Jonk, Gennaro, dei hun hir eege Kultur, an dat ass och gutt esou. Si sin, oft, mei vun Technik faszineiert wei vun Aesthetik, a vergiessen heiansdo dass een mat deene 2 spille kann. Si liewen an hirer Welt, an dei ass haut modern an aktuell. Wee wees wat fir eng Fotoe sie maachen wann sie mol mei aal sin?
Wei laang soutz ech do iwert 1 Punkt ze gruebelen: stempels de deen elo weg oder net? Deen Hengerdeif, uewen am "Damp", 2 cm rechts vum Kamain, geheiert awer derzou.
2 ass mei wei 0.
Merci, Ed.
Den Don Quichote huet net mei an der Realiteit gelieft: net nemmen sei Rittertum war ausgestuerwen. Awer eierlich ass e bliwen. Duerfir geheiert seng Parabel zur Weltliteratur. Deng Remarken awer si voll realistisch a bereieren Fundamenter. Fir d Jugend sin se awer, de Moment nach, net up to date.
mé awer och net rétro oder ieren ech mech... well och nett total an der Irrealiteit verweilen ... well eppes ass eng Virtuell realiteit dei ais Jugend liewer hunn ewei den alldéchlechen Alldaag, an eppes aanesters ass engem égenen psychoteschen Waan ze liewen... well dann ass et fir deck blo pellen ze schlecken
Also Charel ,
Sinn mat dir d'Accord... mé mir haaten och sien Walk-Man, ais Stereo, aisen Portablen Fernseh, mé sinn mir dach nett och e bessi an der Klassescher Kultur erzunn ginn? Den Humanismus, d'Basis Regelen.. asw.
Dei riskeiren banal ze ginn ,,, surrealistesch an impressionismus ze maachen ouni ze wessen waat et ass...
Et fannen daat eng Elementar Kultur Fräi mescht , eng Elemetanr klassesch Kultur fir net emmer nés daat selwewescht ze erfannen.
Du bass ze gudd... Erenner dech drunn daat ech é klengen vun 9 Joer hunn an mein Bruder der 2 vun 17 an 14 huet... Ech erliewen daat en directe... dei sinn nach lang nett domm , mé awer och nach lang nett mé dei fahlen an all Faal erann ,,, esou ewi mir och mé dei erweschen nie.
An dann, Gennaro, koennt nach derbai dass wann s du deng eege Kultur net mei kenns, deenen "Aaneren" hir net mei apprecieiren kanns.
Dee freiere Minister Robert KRIEPS huet iwert deen do Sujet blendend Texter geschriwen.
An deem Buch wat elo nach net laang vun der "fondation robert krieps.lu" erausbruecht gin ass, ass engt ganzt Kapitel iwert d Kultur. De Rescht (democratie, justice, education) ass och absolut liesenswert.