Déi Rumm fannen ech kitscheg; se lenkt deelweis souguer vun der Blumm of. Déi hätt och kënne méi grouss sin. Wann s de mam Objektiv un der Limite bas vläicht einfach am Post nach croppen.
Merci alleguer
Matt deene Rummen ass daat alt esou eng Affär de Goût ...
Waat d'Schneiden ugeet (ech huelen un, dass daat matt "am Post croppen" gemengt ass ( sin New-comer, sorry)), ech hun fond, dass d'Héicht vun der Blum an d'Längt vun deem Halm, deen no riëts fortgeet, en /- harmoneschen Rechteck bilden, a Plâtz lossen, fir déi Beaarbechtung, déi ech mer firgestallt hun ... ; d'Blum héichformat ze weisen oder esou nëmmen d'Bléih wier a mengen Aen méi op en Déjà-vu-effekt erauskomm ... oder ?