hehe du bass jo witzeg, "ob aal getrimmt" Ech maan do guer naicht! Dei gin esou, waat mengs de waat mech daat Rauschen do emmer opreegt
Merci awer (heiansdo passt et jo och gudd )
Jop Thon, de Här haat 7 Këschten Thon , Tabasco an 1 Tzalot kaaf! Well guer net wessen waat et bei dem doheem gett
firwaat, reegt dech dat rauschen dann op, an der Zéit sin héichempfindlech Filmer kaaf gin, fir en gestaltereschen Grain an Bild ze kréien. Munechmol ewéi hei och, fannen ech dat besse Rauschen flott a passend
Jo bei esou Fotoen fannen ech dat och flott, mee wann een mol probéiert eng " propper " Foto ze man, kann kann een schon mol liicht verzweifelen!
Mee normalerweis hunn ech den Grain och gär, soss géing ech wuel kaum nach analoge knipsen!
Ganz denger Ménung Ed, obschons ët demols not onbedëngt aanescht war wéi haut. Demools sin ët der gin déi sëch iwer "d'Grimelen" an der Foto beschwéiert hun, an haut ass ët eben iwer d'Rauschen...
démols hun déi ganz grouss Puristen Dokumentefilmer ewei den Technikal Pan geholl, déi bei richteger Entwecklung esougueren bei enger 50x70 kéen sichbare Grain hatten
obschon e Rauschen nëcht mat engem Grain gemeinsam huet, as d'Wierkung awer mateneen ze vergléichen