Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

...Pipes&Stairs...

 
...Pipes&Stairs...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.04.2010
  • Gekuckt:
    18143
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/15 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    467x700
  • Späicherplaz:
    616 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44528]
Kommentar vum Fotograf:
...hun Foto lo missten mat engem klengen Grinsen eroplueden :-)
Hoffen se gefällt, wann net dann och gud ;-)
Locke 13.04.2010 - 21:44
firwaat wuel daat grinsen? gnhihihi bigsmile
_MiAmI_ 14.04.2010 - 09:13
mengen du wees waat ech mengen closed_eye
Locke 14.04.2010 - 14:29
bigsmile
Shantideva 13.04.2010 - 23:32
Et mengt een baal hei häss du mat Blëtz geschafft... Wou ass den Sujet, d'Linienféierung an wéi get den Bleck an d'Foto geleed??? D'CT ass een Meschterwierk an Symmetrie an Architektur. Hues du net gekuckt waat den Architekt dobannen fir een Meschterwierk vollbruecht huet???
Dein Kommentar seet genau daat aus: Ech lueden elo déi Foto erop fir e puer Leit scheissen ze doen. Domat dees du d'Leit awer net scheissen. Du beweis just dass du "NACH" keen Ae fir d'Feinheeten vun der Architektur hues.
Wanns du eppes léieren wells dann schreiw einfach een anständegen Kommentar bei deng Foto an du kriss och dementsprechend eng Äntwert.
_MiAmI_ 14.04.2010 - 09:13
Mengen do hueste eppes falsch vertsaanen oder ech net richteg erklärt!
Mein Komentar sollt sou eriwer kommen (net negativ) well jo bei menger leschter Foto mat den Traapen (dei mir am Moment selwer netmei gefällt) sou "VILL" Komentarer gepost goufen, an daat heiten jo "erem" eng Foto vun der CT as, net dass hei erem sou vill dozou gepost an diskuteiert get! Bon hun et net schlecht gemengt mee soll besen witzeg eriwer kommen, waat bei dir jo dann net de Fall as!
Sujet hei bei da Fot soll daat vill Gerouerts, Traapen etc sin...
Mee natirlech kannste mir jo soen waat besser gema kann gin etc.... Leieren gären bei zumols an den Verabeschtungprogrammer!!

Hoffen daat war lo en anständegen Komentar vir dech, well wei gesoot, deet neischt eppes mei oder manner bei ze leieren!!
Shantideva 14.04.2010 - 09:28
Fir d'nächst Kéier een bessert Resultat ze kréien wann am Bild sou vill gewulls ass an keen richtegen Eyecatcher (oder Sujet) kanns du e bessi op d'Linen oppassen. Wanns du mat den Linen schaffs dann kriss du et hin dass d'Ae vun der Persoun déi deng Foto kuckt durch d'Bild geleed get an dodurch un verschidden Detailer am Gewulls hänken bleiwt an sech d'Foto méi genau ukuckt.
Uewen fehlt e klengt Steck well den Rouer oofgeschnidden ass an ennen ass genau daat zevill fir dass du mat der Breck genau den Eck treffs. Du häss dech och kéinten e bessi méi no riets dréinen fir dass op der lenker Seit vun der Foto souvill wéi méigelech Linen an d'Ecker an un de Bord treffen an domat och vermeiden dass uewen lenks op 1/3 vun der Heischt deen oofgeschniddenen Träger ass. Daat stéiert well daat an engem wichtegen Bildbereich ass.
...an schlussendlech... dein Kommentar war bei mir net sou gudd ukomm well et no den Reaktiounen op déi lescht Foto e bessi Provokativ eriwer komm ass. Daat ass den Nodel wann een sech net géigeniwer steht. Bei den Buchstawen fehlt den Toun an den Gesiichtsausdrock. closed_eye
_MiAmI_ 14.04.2010 - 11:38
zu dengem leschten Abschnitt, gin ech da absolut recht! smile
Mee wi gesoot sollt net provokativ riwer kommen

an thx nach vir deng remarque!
deBaemm 14.04.2010 - 00:47
Ech fannen d'Vue hei dengt zu dokumentativen Zwecker, an dann bleiwt nach eng Iddi drun ze verbesseren! Wéi den Shanti seet gett et e ganze Koup flott an Intressant Ecker an der CT fiir op artistesch Art an Weis festzehaalen. Waat ech teschnesch gesin e bessen lusch fannen ass dass d'Foto esou noisy wierkt an daat bei iso250 op enger 7D... daat kann awer doduerch kommen wann een et mat der "Fill Light"-Funktioun ze gudd mengt oder se ze weineg Kontrast huet. Wi schon oft gesoot et muss net emmer HDR sin, mee aus engem einfachen RAW ass nach en Stéck méi erauszehuelen! Ech hoffen daat do kennt lo kontruktiv an net destruktiv un! Geff net op closed_eye
_MiAmI_ 14.04.2010 - 08:50
yes as gud ukom. HDR as et keng.
merci awa.
deBaemm 14.04.2010 - 11:21
ech wee das et keng hdr war, daat war usech onoofhängeg vun der foto gemgnt closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 620 Gäscht online