Ech hunn dës Foto op engem Weiher a Südfrankräich gemaach. Do bléien all Joer Honnerte vu Lotusblummen. Well si awer streng geschützt sinn, kënnt een net ganz nobäi an et muss ee schon den Tele huelen.
Villmols merci fir äer Kommentaren. Ech hunn demols eng ganz Serie gemaach. Déi hei gefällt mir zwar am beschten, mee ech versichen, der nach e puer eropzelueden. Dir kënnt mir da jo vläicht soen, wat dir vun denen halt.