Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Golf

 
Golf
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.03.2010
  • Gekuckt:
    27372
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    22 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    Flash + 2. Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1600x739
  • Späicherplaz:
    431 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:29 22:54:39
  • Fotoapparat:
    DSLR-A200
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44095]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hunn mer mol een 2. Bletz kaaf an wollt deen mol testen, wei een deen kann benotzen an wollt ierch mol froen wat een na alles domadder kann maachen, flait na e puer Tipps ginn, dass et besser geet :)
Shantideva 30.03.2010 - 08:49
Waat mir hei opfällt sin extrem Artefakter (an Rauschen) um Capot souwéi an de Schieter. Deen seitlechen Bletz liicht zevill an d'Objektiv eran, an verursaacht dodurch Flares an Streifen. D'Carosserie op der lenker Seit ass total ausgebrannt. Du hues och eng zousätzlech Luuchtquell an enger aanerer Faarw wéi den Blëtz (geseit een beim Steierrad an der Fenster als Reflexioun). Et ass schwéier zwou verschidden Luuchtquellen mat verschiddenen Luuchtfaarwen ze verbannen ouni mat Gels ze schaffen. Et kritt emmer eng Luucht een Faarwstach. Eventuell kann een puer artistesch Experimenter domat machen awer ech denken net dass du daat vir haas. Et get eigentlech ganz vill waat een hei kéint verbesseren an ech gief mol domat ufänken déi Luucht um Plafond auszemachen an dann den zweeten Blëtz an engem méi spatzen Wenkel zum Auto ze stellen oder indirekt ze Blëtzen. Aanererseits hues du dir een extrem schwéieren Sujet erausgesicht fir mat Blëtz ze fotograféieren...
Laurent76 30.03.2010 - 10:18
Den Flash ob der lenkser SAit ass ze stark agestallt, wei den Shantideva schon seet brennt deen dei Sait komplett aus.
Has du Sonnenblend um Objektiv? Wann jo dann steet den Bletz definitif ze wait no hannen. Du häs den Bletz keinnten hei ob 8 Auer stellen (den Auto ass Mett vun der Auer). Wann net dann mach dei onbedingt drop wanns te mat Bletzer schaffs...., resp solls te dei emmer drophun...
An den Bletz ob een Stativ, dann hues te bannen am Raum keng esou haard Schieter (A-Seil zb)
Rauschen gesin ech baal iwwerall um Bild an daat fannen ech och komesch fir ISO 400
loesy 31.03.2010 - 00:31
Verstin net sourichteg wats de mat deem Saatz wells soen? (Wann net dann mach dei onbedingt drop wanns te mat Bletzer schaffs...., resp solls te dei emmer drophun...) Hues de Sonnenblend domader gemengt?
Laurent76 31.03.2010 - 07:51
Yep, Sonnenblend hun ech gemengt.
Daat helleft Flares an Streifen ze verhenneren....
loesy 31.03.2010 - 22:05
ok smile
Jaqueline76 30.03.2010 - 12:06
Photoapparat op de Stativ
Bulk Modus
Indirekt vun den Säiten an Frontal flashen

hmm daat do gött mer elo eng Idee muss ech selwer mool ausprobeiren...smile

ps hues de sync kabel fir di 2 Blëtzer?
loesy 31.03.2010 - 00:25
Hunn et iwwer eng sou genanten Zell gemach
loesy 31.03.2010 - 22:06
Soen alleguer merci fir dei hellefreich Tipps smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 614 Gäscht online