Daat ass d'Foto déi bei Ech beim Konkuer eropgelueden haat. Leider ass se nët esou gudd ukkomm wéi Ech mir daat firgestallt haat. Géif mech op konstruktif kritik fréen fir mech ze besseren...
jo daat matt der nueslächer stëmmt effektif....bon d'iddi war dass sie zum himmel kuckt...dofir vun ennen erop fotografiert. Wéi hätt Ech daat dann soss kéinte maan? hus du do eng iddi?
vlaicht e bessen vun der sait. Du muss realiseieren dass saachen dei mei no bei der kamera sin mei grouss gemaach gin par rapport zu saachen dei mei wait ewech sin. An desem Fall as den Mond an d'nues rieseg an d'aan mei kleng. Well d'nueslaecher deen meeschten kontrast bidden faellt den Bleck als eischt dorobber. Ech denken insgesamt muss de der iwwerleen waats de wells dass deng foto ausseet, wei den betruechter zu daer nemmlechter interpretatioun kennt weis du an dann systematesch all meiglech feelerquellen ausschalten. Z.B. Hei wolls de bestemmt net dass d'leit sech op d'nueslaecher konzentreieren oder op d'faalen an den lepsen. Trotzdem, duerch den Setup an den Kontrast as daat daat eischt waat een gesait...
Also den kontrast an de lësen waar définitif gewollt (ech gin genug mam PS eens fir déi propper erauszekréien)...hun daat mam bléck an l'lësen (di leiden jo wierkleg) esou wollten duerstellen...den model sollt nët wéi a model ausgesinn (perfekt) mä à la " passion of the christ" ...
Bon...Ech sin keen spezialist matt portraien (oder iiergend ee spezialist)...
Mä kann sin dass et "faux-pas"en gin déi absolut no-goes sin..
ech verstin mais ech mengen et geet manner em "faux-pas" wei eischter doremser waats du wells duerstellen an ob deng methode duerfier geegent as. Ech denken daat as net nemmen fier portraiten. ech sin selwer keen spezialist...nach laang net