Dat ass guer net sou einfach geweischt, d'Kontraster do ze bewältegen bei där éischter. Leider Gottes ass de Schnéi am Schied awer meeschtens blo. Besonnesch ënnert bloem Himmel... Mais ech kéint jo mol e besse Wärmt am WB bäigin fir ze kucken.
D'Resultat vu méngem nei versuch ass och elo an deser Serie dran. Ech mengen, ech misst elo éischter an déng Richtung gannge sin, an effektiv gefällt mir d'Farwespill sou besser. De WB läit elo bei 6850 K an ech hun nach di ënnscht Partie mat selektiver Faarfkorrektur am PS ugepasst.
Elo ass alles tiptop ... sinn frou dass ech net dolanscht luch matt menger remarque
Fir d'Kontraster hai an d'Rai ze setzen ass nett einfach ... automatesch riskeierste dei donkel Plaatzen auszemaachen an déi hell opplatzen ze doen
Dofir hun ech jo mol fir d'alleréischt am CaptureNX2 mat der u-Point-Technologie eenzel Plaaze sonner behandelt, wéi z.B. d'Clôture am Virdergrond an och nach die giel Front vun der Lokomotive, déi ouni selektiv Nobehandlung iwwerstrahlt, méi däischter gemaach a méi roud mat dran. Duerno hun ech dat an de PS exportéiert mat den Ännerungen, wou ech mam Lasso di Partie ënnert der Baach ausgewielt hun an déi hun ech dun nach sonner behandelt, wéi beschriwwen. Wat een awer alles haut kann an der EBV ereechen...
Déi ass zu Mamer gemaach, jo! Dat ass eng flott Promenade do a Richtung Capellen, déi ech dacks no der Aarbécht nach ënnert d'Féiss huelen. Hei war zwar lo eemol Samschdes moies, wi ech an de Supermarché um Tossebierg Krëschtdaagscadoë kaafe war...