Sin den Moien opgestaan, hun aus da Fënstergekuckt, war keng Wollek um Himmel, an wou ech dun daat do gesin hun, hun ech missen Fotographéieren. Hoffen gefällt engem.
Also ech muss der ganz éierlech soen, mein Fall ass et net. Ech kann net erkennen waat soll besonnesch un der Photo sin ? Et geseit e bessen aus wéi wann den Photoapparat vum selwen ausgeléist hätt...
Neischt fier ongutt, mais haut den Moien woren awer ganz vill aaner schéin Schnéimotiver doruechter ze fannen.
sou leed et mer deet, ech muss zoustemmen, fum scheinen himmel gesait een naischt !
wann elo duercht t'schärft een baam erfiergehuewen geiff gin, oder iergend epes als kloeren sujet ze erkennen wier evtl ... oder ?
Merci fir die konstruktiv Kritik, ech hun effektiv ganz Foto geschärft, am Plaatz just eppes bestëmmtes. Dann kann ech daat die next Kéier besser maan.
Zum Himmel, ech hun en Panorama gemaach, mee den Photo-merge huet ma en riesen Sprong a main Glänner gebastelt, kann daat io awer och schlecht roplueden.
wanns de een pano mat verschiddenen fotoen wells machen, mach sou vill iwerdeckung wei meiglech !
ech kann zb 15° rotatiounen empfehlen ! wann mei komplizeiert an reng sachen dran sin, kritt en dann nach ememr een propperen stich hin !
Ausserdem geiff ech dann heichkant fueren, dann hues de weinstens no uewen an ennen mei drop !
Ausserdem, ausser du wells ganz artistech sin, as et ememr gut een "normalen" bleckwenkel ze hun, also - horizontal !
waat net heescht dat een et nie soll anescht machen, mais fier mol fun gronnt op unzefänken as et schon een tip !
Ech verstin waat's te mengs.....
Mee dofir geseis te menger Meenung ze weineg Droht an daat kippend Haus uewen rieds ass och net gudd, wann Haus net mat am Cadrage wär geif et evtl besser passen.
Jo, hun elo just Foto nach eng keier ob mech wirken gelooss an ech bestätegen meng Meenung, et wär gudd wär daat haus do net daat zumindest mein Bleck magesch unzitt an engem gefill vun tippen oder emfaalen get.
Wei geseis du daat mam Haus, zitt et dein Bleck un?