Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Finkereien

 
All Fotoen an dëser Serie:
4433 Thumbnail
4434 Thumbnail
4435 Thumbnail
4450 Thumbnail
4452 Thumbnail
Finkereien
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.01.2010
  • Gekuckt:
    38666
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    22-01.2010
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Objektiv:
    Sigma 170-500mm 1:5 - 6,3 D APO
Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=42141]
Kommentar vum Fotograf:
Wan engem säin Tele net besser an der Qualitéit ass, da muss een séch alt eppes aanescht afaale loossemat de Fotoen, déi een am Gaard vun den Sangvigel mécht...
suraki 22.01.2010 - 17:54
de Willi Fladder , ... super smile

edit: Nico ... @ wan engem ....
wén huet gesot du solls der eng Nikon kaafenbigsmile tongue
Nicon07 22.01.2010 - 18:27
Edy, et ass net den Apparat, dee schlecht ass! closed_eye

Ëmmerhin hun ech hei 6400 ISO... Mais de Sigma 170-500 huet bei 500 mm Offeblend 6,3. A fir net ze verwackelen muss du do 1:200stel huelen an dann ass et bei de Wiederkonditioune vun haut quasi onméiglech, anstännech Fotoen mat engem 12Joer aalen Objektiv ze maache, wat schon wackelech ass. Do hëlleft och di bescht Canon näischt méi...bigsmile
suraki 22.01.2010 - 18:50
aha, .... ges de elo dem Objektiv d'Schold hehehe

mé elo am éecht, dat Obj. as bei gudder normaler Lucht
awer an der Rei smile jo ok 6400, as e bessen hefteg bigsmile

(gehei mol dé Routstach eraus, dan as se bestemmt nach besser)
Nicon07 22.01.2010 - 20:08
Routstach rausgeheien???? Da muss ech dem Noper séng bordeauxroud façade nei usträichen.... closed_eye

Edy, wou's du recht hues, hues du recht. Bei normaler Luucht ass dat Objektiv ganz an der Rei. Kuck mol des Foto hei, déi bei Sonn domadder gemaach gin ass.
Unsere gefiederten Freunde
Awer leider ass bei desem Niwwel, dee mir op 500 müM hei hun, d'Liicht net sou gudd gewiescht haut de Mëtteg. unhappy

Wann ech elo deen neien apochromateschen Verduebeler vun Nikon kréien an deen op mäin 70-200 f/2,8 setzen, da misst dat dach awer besser gin.... hoffen ech mol.
closed_eye
suraki 22.01.2010 - 20:16
den 70-200 f2,8 vun Nikon as jo gestache scharf, dat get bestemmt super ! closed_eye
Nicon07 22.01.2010 - 20:21
Ech hoffe just, datt ech den TC20E III geschwënn och eng Kéier kréien, eet d'Vigel net méi d'Käre picke kommen.... closed_eye
suraki 22.01.2010 - 20:41
mmm ... dan lés de e Stëck Fléesch dohinner,
léis de Konverter ewech ! ...
a wart's bis d'Geiere kommenbigsmile
Maimonides 22.01.2010 - 23:32
Gët mat engem apochromatische Vërduebler
aus engem Dreier ee Sexer ?
closed_eye
Schéin Série, Nico.
Nicon07 22.01.2010 - 23:54
Wann ee sou wëllt.... closed_eye
deBaemm 22.01.2010 - 17:55
genial, hu gudd gelaacht, mol eppes aanescht ne closed_eye

p.s. et gett do su en intressante programm: comic life domat kann ee wiirklech flott saachen an deem styl maachen closed_eye
suraki 22.01.2010 - 17:57
merci Baemm , dén hat ech komplett vergiess smile smile
deBaemm 22.01.2010 - 18:15
service! hun deen läscht joer gebraucht fiir mat de kanner aus dem 6.Schouljoer eng Fotogeschicht ze maachen ass genial!
Richie 22.01.2010 - 18:00
Eng lëschtech a flott Serie
klex 22.01.2010 - 21:31
http://bancomicsans.com/home.html
Ah a wans de et am Photoshop gemat hues do hues de beim Text tool uewen an der bar d'méiglechkeet den anti-aliasing anzestellen, dann gett d'schreft mi smooth an net su verpixelt. D'iddie ass léiw smile
Nicon07 22.01.2010 - 23:57
Do verstin ech awer elo net däi Link . Ëmmerhin hun ech Comic sans jo hei a Schwätzbulle gebraucht, fir dat di Schrëft jo ursprüngléck geduecht war. Oder misst ech am PS nach d'Fotoe sou filteren, datt se wéi an enger BD gemolt ausgesin??? smile
klex 23.01.2010 - 00:35
hat der se geschéckt well op där sait alternativ schreften, di gudd (besser) sin fir an engem comic ze benotzen smile
Nicon07 23.01.2010 - 09:11
Ach sooooo! Ech mengen, ech hu besser net mi sou spéit, wann ech schon op engem Aaaa schloofen, nach an d'Internet ze goen....bigsmile closed_eye


Meci, ech kucke mir déi da mol un.
Jeanny 23.01.2010 - 13:10
wei leiw, eng herrlech leschteg Serie Guy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 534 Gäscht online