D'Boeing 747-400 mat der Kennung "LX-KCV" vu Cargolux Italia, gedeeft op d'italiéinësch Regioun Lombardei ("Lombardia") huet am Uflog op de Findel d'Bremsklappen an d'Rieder ausgefuer.
Alles waat mat Technik ze dongen huet: vun A wéi Auto'ën a B wéi Baumaschinnen (sin e Caterpillar-Fan) iwwert Militär-Gefierer bis Z wéi Zich natierlech.
Hei de Link fir méng Flieger-Foto'ën bei www.jetphotos.net http://www.jetphotos.net/showphotos.php?aircraft=-...
Salut,
Schéin Photo, awer an dengem Commentaire stemmt eppes net. Daat waats Du do als "Bremsklappen" bezeechenst, daat sinn FLAPS. Op der foto geseit een d'flaps hannen um flileck and'slats oder leading edge flaps firum flileck.
Flaps dengen deruou fier den Opdrift ze vergréisseren an net fier ze bremsen. Wann een d'Vitess well reduzéiren, dann ginn "speed brakes" ausgefuer. Déi setzen uewen um Flillek.
Waat den Flieger méi lues flitt (bei der Landung) waat den Opdrift muss méi grouss sinn, soss stierzt en oof.
Neischt fier ongut,
Gunman
Nobody is perfekt - a vu datt ech mech och nët "Nobody" nennen...
Ech fannen Déng tëchnësch Explicatioun ganz gutt.
Kennen e bëssen eppes vun Aerodynamik, dat ass schons ganz spezial an nët ëmmer évident.
Ok, wor och vun menger Seit net schlecht gemengt, ech interesséiren mech stark fier d'Fliegerei an trainéiren all Woch mat engem "rofessionellen" um Flugsimulator, dofier wosst ech daat.
Bei mir ass et och esou: nowbody is perfect...ech och net.