nodeems ech haut den Nowend vun enger Konferenz zeréck bei den Auto getrëppelt sin misst ech einfach eng kleng Paus machen. Kritik ass erwënscht :-) Klicken fir së scharf ze gesinn.
D'Beliichtung ass ganz flott gelong, d'Schärft ass super an d'Spiggelung och - mir gefällt just d'Faarwtemperatur nët....méi kaal géif ech perséinlech bësser fannen.
Waat d'Farwtemperatur ugeet haat ech së schon bei der Opnahm korrigéiert. Den automateschen Waissofglaich haat se nach vill méi ant Orange "faalen" geloss. Ech hun en dunn op "Glühlampe" gesaat well ech wees dass së dann e vill méi héichen Blo-Undeel kritt. Allerdéngs sin sämtlech Luchten an warmen Fuerwen gewiecht, an och d'Fassaden oft waiss-beige-giel...
Jo daat stëmmt. Ech haat och driwwer nogeduecht fir së am Raw opzehuelen, allerdéngs hun ech no menger Windows Neiinstallatioun nach nët gekuckt ob ech Raw Dateien iwwerhaapt ".plug & play" opkréien? Dun hun ech et si geloss
Oder kann een dee Waisspunkt och am Photoshop nach nodréichlech an enger Jpeg Opnahm sichen ouni zevill Qualitéit ze verléieren?
Wann ech ganz éierlech sin gefaalen mer déi warm Faarwen esouguer zimlech gudd, och wann ech wees dass et och aanescht méiglech gewiecht wier.
Wann s de Photoshop (Camera RAW) hues, oder Lightroom, kanns de och JPEG Fichie'en domat opmaachen an den Wäisspunkt setzen. D'Resultat get net grad dat selwecht wéi bei engem RAW mee et as schon net schlecht. Aner Software kann et bestëmmt och, mee déi kennen ech net.
Thx Jo daat gielt ass jo schon ugeschwaat gin mais stéiert mech elo nët wierklech. Ech fannen daat verbreet hei éischter eng waarm, gemittlech Stëmmung (a Verbindung mat deenen aalen Haiser).
Jo wiem sees de et Ergonomesch ass së jo - awer ze schwéier. Wanns de së de ganzen Daag am Grapp hues wees de Owes waats de den Daag iwwer gemach hues *g*