Dat war déi falsch Situatioun fir en DRI. D' Stëmmung ass ganz verluer gaang, an bei souenger Foto wéi dëser geet et net ëm dat wat den DRI am fong mécht: Detailer erfir hiewen wou virdrun keng oder bal keng waren...
Hei muss ech elo knadderen:
Klor, wou ech nach nët vill iwwert HDR weess, weess ech awer schons, datt een dee ± fir statesch Saache wéi Gebäier soll huelen (mengen awer och schons esou Saache wéi meng hei um Site gesin ze hun...?). - Elo ass ët awer esou bei dëser Foto, datt dat eng 100% Géigeliicht-Situatioun ass, wou ech awer déi sëllechen Horizont-Linnen do gesin hat, mä bei den 3 Basis-Oppnamen ass méngen erachtens keng déi dat hätt kéinten eriwwerbréngen: entweder vir schwaarz/hanne wäiss oder soos ausgebrannt. Duerfir fannen ech dat heiten - wann och keng grouss, esou awer - eng kleng Réussite.
P.S.: Dat vill gro an denen HDR'e stéiert mech am meeschten !