Hunn all mäi Courage zesummegeholl an och emol 2 Fotoen eropgelueden. Ech wier frou, e puer Kommentaren ze héieren, sinn nämlech nach am Gaang ze léieren
No äre Rotschléi hunn ech den Horizont geriicht, ass effektiv besser
obschon ech fir Sonnenennergäng nët vill iwereg hun, fannen ech déi zwét hei, och vum Obbau hier, ganz flott. Den Horizont misst awer e bessen gericht gin
(et get nët drëm vir irgendeppes ze wannen, mé einfach nemmen fir seng Biller ze weisen )
Net färten virun allem. Den Horizont muss geriicht gin, an du kéins och den Horizont an den gëllenen Schnëtt setzen. N°2 ass flott beliicht. Vill Beispiller fenns de hei um Site, den PG ass eng gudd Schoul!