Eng ganz gudd Iddi, an d'Ëmsetzung an s/w passt och gudd. Wou ech just net weess, ob ech et soll soen oder net, dat ass datt op deenen zwou läschte Fotoen d'Gesiichter vun den Models besser ze erkenne sin, wéi op deenen zwou éischten. Ech weess elo net, ob een do konsequent se alle fënnef hätt solle gläich hell maachen, oder ob ee konsequent d'Meedercher an der Silhouette hätt solle loossen. Ech weess, datt dat bei deene läschte Fotoen net gudd gepasst hätt. Ech si mir net ganz schlësseg. Mais als Serie géif ech méngem Goût no éischter eng op eneen ofgestëmmt Beliichtung fir d'Fotoen all wielen.
en herrlech Série wann én dat ganzt 1,5 bis zwou Blende méi hell gif weisen.
als Silouette as et mer ze hell, an anecht ze déichter. Do as vill méi drann
ganz flott serie
dei 1 ass mein favorit
dei anner gesin net mei grad sou elegant aus wei nr1 an bei denen 2 leschten fannen ech et besn steirend dass dei mei hell sin
Also obhellen kann ech dei hai mol net well ech se sou deichter geknipst hun, mee probeiren vleit nach eng Keier mat negem liichten Bletz vun vier. Sou ass zevill Geigenliicht vier grouss un der Beliichtung ze enneren.
Hai bei mengem Papp um Ecran gesin dei 2 laescht och mei hell aus wei bei mier um Ecran, kucken mol wei et mei deichter ausgeseit.
Freet mech awer daat d'Konzept gudd ukennt!
ech fannen se bien au contraire super esou, och wei se der reih no kommen huet su den effekt: oho, an wei gesait gesiicht aus (no der foto 1), et gett io emmer besser (no der foto 2), do ass e bessen gesiicht ze erkennen (no 3 an 4), ahhh 2 gesiichter (no der läschter), ech fannen et super sou wei et ass!
Juhu! XD Genau deen Hannergedanken haat ech vier se sou dareino ze setzen! Wei scho gesoot gouf konnt ech dei 2 laescht och net mei vill mei deichter maachen an dovier wollt ech et dan eben sou eriwwerbrengen.
Villmols merci vier d'Verstaendnis!
(hmm as mengnch schons gesoot mee ech hett hai ganz kloer een BLETZ benotzt...sou söfft dain eigentlecht Motiv apsolut an der Daischtert oof waat zimlch schued as....)