Do hat ech elo awer mussen nodenken: Panther? Giel?
Kann nëmme soen: Gutt recherchéiert op däer Foto, oder waren do nach Leit vun photogen.lu 2006 ?? - Ech sin nach nët esou laang hei um Site an hun nach nët alles duerchgekuckt. - Muss jo och nach e bëssen Knipsen heiansdo...
Kloer wéi Iertsebulli ! D'selwecht wéi eise Flughafen um Findel an nët an der Staat läit, heescht awer "Aéroport de Luxembourg".
"Mamma Mia" - richteg as richteg - a voilà fir mech läit Spangdahlem eben zu Bitburg (elo hun ech ët geschriwwen).
Da lueden ech däer do Fotoen elo och nëmmen nach fir Krichs-Fan's erop. Sin ech elo béis??? --> Buahaha !
Nee, nix mat béis. - Hues och recht ze soen, datt dat esou eppes näischt fir Dech ass, mee geet een dann esou Fotoe kucken ??
Ah, déi Fro do ass gutt ! P.S.: wousst och eppes vum Flugplaz zu Bitburg, mä do war ech nach net.
Eng Herrlech Diskussioun! - Mä Krich-/Spillgezai oder -Maschinn.
T'ass dach elo sou datt déi Apparaten dach fir de Fridde sin.
Wien déi dëcksten dovunner huet, deen huet (zwar keng Sue méi am Budget) Fridden, weil keen aaner sech méi traut ze krichen. - Keng ellen, mä einfach eng herrlech Welt, nediert ?!