ech haett net onbedengt den UWW geholl, wiirkt extreem verzerrt... oder zumindest herno um computer riichtgezunn, well d motiv ass flott, mee di Verzerrung hei fehl menger Meenung no!
Flott gewierlt, hätt just deen grengen "Tape" -> Pechband am Luuchtenpoteau ewech gemaat. Lëngs en halwen cm ewechgekroopt an ob der Luucht selwer daat grengt Blaat ewech retucheiert.
Mee och esou gefällt se....
Abé jo, do kucks meng Biller mei genau wei ech selwer. Den Tape war mer net opgefall an dqt grengt Blat hun ech fir d'eischt mol mussen sichen.
Am Allgemengen sin ech awer selwer och zimlech pingelech matt esou Sachen an ech gin der absolut Recht. Merci fir d'Remark!
Merci alleguerten; an dir hutt alleguerten Recht mamm UWW deen hei net ubruecht ass. Dei ganz Szen war allerdengs hannert enger Cloture dei ech net matt drop wollt kreien. Ech duecht d'Kompositioun an d'Farwen gengen dat opweien, wat natirlech net ganz den Fall ass.
(opgeholl am zentralen Park zu NY virun engem Joer)