Merci, ech hun mer den Aquarium extra fir esou Fotoen kaaft, daat heescht fir mëch dass ech daat nach wëlles sin méi oft ze machen (an ze perfektionnéieren)
Jo ech kann der et just recommandéieren! Awer nach e klengen Tip: no all Versuch d'Scheif vum Aquarium ofbotzen! Soss kanns de dëch gring a giel iergeren wann soss alles perfekt gewiecht wier
Also den Blëtz war vun uewen erof ant Aquarium an op béiden Säiten haat ech als Reflektor waissen Kichepabeier widdert d'Aquarium geluecht.
Ech hun mat engem entfesselten Blëtz geschafft (Kabel) an probéiert den richtegen Moment ze fannen. Och mat der Serie hun ech ët probéiert, wat awer nët vill weider gehollef huet. Eng aaner Méiglechkeet wier et fir eng Laangzaitbelichtung opzehuelen an den Blëtz manuell auszeléisen an duerno d'Opnahm ze stoppen. Allerdéngs muss den Raum dofir absolut daischter sin wat bei mir nët den Fall war.