also, mir gefällt dei Foto ganz gudd
Stëmmong gudd agefaangen
och wann ëch e Fan vun SW sin bei Concertsfotoën, sou as hei awer Faarw dach mei wei passend
virwaat nët e besselche mei grouss ??
Ma ech hun déi Foto hei och emol am SW gekuckt gehaat, an gemierkt dass së do opt mannst genee esou gudd eriwwer kënnt. Eventuell esouguer en Tick besser.
Wisou just esou kleng? Daat lait dodrun dass ech d'Iddi haat fir së op Photogen erop ze lueden haat hier ech hei op der Arbecht soutz (an do natirlech nët alleguer meng Fotoen um PC hun). Ech hun mer se dun kuerzerhand selwer vu mengem Blog kopéiert (ech dierf daat jo! *grins*). Mais mir zwee wëssen jo dass d'5D MII och bei ISO 5000 nët/kaum rauscht Déi heiten gouf jidwerfalls nët gefiltert, just liicht nogeschärft.