Hoppla, do sin mer eis jo baal iwert d'Féiss gelaaf haut den Owend! Eh, Moment, daat kann net stëmmen mam Originaldatum. Haut wor keng Wollék um Himmel ... ???
As awer eng flott Foto. Ze domm dat déi Polfilter bäi Wäitwénkel den Himmel esou ongläichméisseg maachen. Daat kinnt een an desem Fall mam Photoshop ausgläichen.
Hmm, mat "Save for web" dann? Soss bleiwt den Originaldatum am Exif dran. Mee beim "Save for web" verschwannen all Exif Daten, och Beliichtungszäit, Blend, etc. Déi schéngen awer do ze sin.
Villäicht kann den Ricky eis jo opklären ...
Gudd geroden.
Daat do ass emol eng schéin vue vum Giele Botter.
Ech mierken du haas kee Stativ derbei.(Soss häss de eng méi eng kleng Blend (16 oder esou) a manner ISOen kéinte benotzen vir se nach besser hinzekréien) . Mee et ass natiirlech och eng Plo bis dohin mam Stativ.