Gefällt mer ganz gutt, an d'Faarwen sinn top sou, si jo och ëmmerhin Komplementarfaarwen Den Himmel kéint bëssen méi Kontrast hun, mee och erëm net zevill well soss lenkt en zevill of.
klassesch foto fir dës Joreszäit awer ëmmer erëm flott ze kucken, fannen den himmel gutt esou well deen doucen toun vun den hallmer e schéinen iwwergang zum himmel mëscht, giff sos wéi de Johny seet ze vill oflenken a kitscheg wierken
gefält mer esou besser
Exzellent.
Well's du dich dann iwer Kritik freeën géifs, hei dann eng ganz kleng. Fir mech wier deng Foto nach besser wann e bësse méi Struktur an Détailer an der Feierblumm wieren.
...ë bëssen ze "flaach" ass d'Feierblumm, an "flaach" ass dat richtigt Wuert.. Mais, wéi gesoot, dat ass eng ganz kleng "Kritik". Eis 2 ass dat jo mol opgefall.
hm mam PS kann een normalerweis och nik zauberen
ech wees allerdings dass och meng 400D fun all den Faarwen am meeschten Problemer mam ROUD huet!daat huet ganzganz seier dTendenz derzou ze iwerstrahlen an dann as all Textur op där Plaatz verluer...(waat den rouden Punkt mei kleng waat den Problem mei grouss)
mengn nik dassde mei rausgeholl kriss...vlait wann se am RAW as...ansde dech NEMMEN mat den Roudkanäl befaas an dann duerno dBlumm an dFoto nees asetz....
fir den Detail fum CameraRAW....Maggele fron