Ech weess och net, wat lass ass hei. Ob se all d'Flemm hu, fir eppes ze schreiwen, oder ob et een Trop plein as, well een am allgemenge Gewulls vun de Fester an deene läschten Deeg keng Inspiratioun mi huet, awer iregndwéi as et roueg hei op PG. A wann nëmmen déi mi ee Kommentar kréien, déi eng Wowabsolutmeganidogewieschtentopfoto roplueden, da get et, färten ech, op eemol ganz roueg hei...
edit: 50mm? A d'Krëchtkënnche komm? as dat deen neie 50mm 1:1,4? Oder as et eng Positioun op déngem Standardzoom?
Hmmmm et si der warscheinlesch vill an der Vakanz oder hun keen Bock.
Et ass en 50mm 1,4 awer mei en aalen mee sin ganz zefridden mat deem. Kreschtkennchen ass komm an et deng Bong gett an en 24-70 2,8 angetosch vu que daess den 70-200 soubal na net waert erauskommen.
Merci Galileo,
Freet mech wanns du se gudd fenns well hei ass villeicht net meng bescht Foto mee dei wou mech am meeschten Aarbecht kascht huet an dei eischten keier wou ech mol sou richteg en Panorama probeiert hun.
Ech hun di zwee an de Stitcher unlimited, mat deem ech am meeschte schaffen well deen och 360° Panos mat fisheyefotoe stitche kann. De PtGui mécht dat iwregens och.
Ech hun och Mac!! Nach ee G5. Do hat ech mer lo den update vum Stitcher unlimited, denn 2009 genannt get erofgelueden, an dunn hun ech ze spéid gemierkt, datt deen nëmmen op IntelMac geet. Elo sin ech sou gudd a kaafen ....
Bal sécher mi relax. Déi stitchen der quasi automatesch an suguer fräihännech opgeholle Fotoen, wann se séch méi oder manner propper iwwerlappen. An si hun och eng Farfupassung, wann d'Beliichtung vun enger Foto zur aanerer net 100%eg gläich as. Lued dir mol eng Testversioun rof.
Kuck mol, wat de Stitcher Unlimited färdeg bréngt. Eis Léif Fra vu Lëtzebuerg