Tjo... D'liewen ass net emmer rosa. Dat ass waat dobaussen WIERKLECH leeft. Verschiddener liewen, verschiddener stierwen, su grausam wei et erschengt.
Menger Meenung no soll een net nemmen di gudd an schein saachen roplueden, well d'wierklechkeet net nemmen aus deene besteet. Dann kann een och a fro stellen firwat een fotoen vun misereisen leit roplued...
Auserdem kanns du a mengen profil noliesen dass ech di mi düster saachen gäeren hunn :-P
...an et ass meng art&weis bessen vun menger aggressiviteit lass ze gin...
Hm, du hues net onrecht... Ech muss soen ech hunn et selwer och krass fonnt wu ech deen koup aas do gesin hunn... Mee wat solls. Jiddreen huet recht seng eegen meenung dozou ze hunn, an ech sin mer secher dass se net jiddrengem wert gefaalen...
Genau. Faszinant... Firwat sin d'leit emmer vum dout ugezunn an faszineiert? Ech sin frou dass sech hei en puer leit vlait verschidden froen stellen, an sech net nemmen op den techneschen aspekt begrenzen...
Mise-en-scene gefaellt mer net 100% : Den Kadaver ass ze enk kadreiert, an mengen daats de den Reisszoom e bessen zevill gerass hues, en bessen mei en groussen Ausschnett wier wascheinlech besser geweecht. An ech froen mech och grad ob et net besser gin wier en aneren Standpunkt ze wielen, kann een ganzvill aus Motiver raushuelen wan een net einfach stoen bleift an se dan knipst.
D'Faarwen an d'Beliichtung sin der allerdings ganz gudd gelongen hei, passen bei d'Scene.
Zum Sujet: ech gin der vollkommen Rescht, ech fannen och daat d'Fotografie an iwwerhaat d'Konst emmer nemmen soll dei schein an positiv Aspekter vun der Welt soll remspiggelen, dat do ass mei am Liewen wei iegenteng Landschaftsfoto.
Och an der Musik gin z.B. mei 'krass' Themen ugeschwaat an do meckert keen well di meescht Leit sech d'Mei mol net maachen d'Texter ze verstoen.
Merci fir den comment. Ech fannen et intressant ze wessen wei aanerer di saach ugaangen wieren. Den problem ass dass bessen hannert mir eng stroos war, dh et huet d'meiglechkeeten ageengt (op d'stroos en zshang mat dem doud huet...). Main haaptsujet war hei dei leich, dofir hunn ech heichformat gewielt, fir dass et wierklech den mettelpunkt vum bild ass. Deng approche wier mengen ech vun engem artistechen punkt besser gewiest, mei kreativ, hei soll et eischter kritesch sin.
Ausserdem wollt ech mi eng düster foto erzeugen, wou een zb mengen keint dass en aasfresser dru goen geif ( vun dohir den radialen motionblur), do passt den heigen cadrage menger meenung no och besser...
Gin der vollkomme recht mat der musik. D'lait gin sech oft d'mei net mol texter ze lauschtren an verstoen... wann ech lo un su gruppen wei Rise Against, Linkin Park oder Slipknot denken, mee och aaner critech gruppen, wei Tryo oder Manau. der gin et genuch...
ajo. Iwregens ass den blur am PS dobai gesaat gin. wou d'foto faerdeg verarbecht war hunn ech fonnt et geif nach eppes fehlen, dunn hunn ech den blur na dobai gesaat...
@Big-Basti: muss dem Rolacro leider recht gin: dLeewen as nik emmer rosa!
fannen och sou Saachen geheiren dozou...nik nemmen wonnerschein Fraalekt mat deiren Kleeder un.....
zur Foto: den Kadrage well och mir nik wierklech gefaalen...as zimlech enk an zimlech zentral...vlait bessi mei op dSait gesaat an evntl Breetformat hett ma wascheinlech besser gefall...
an den Motionblurfilter gefellt mer guernik!giff soen dass se ouni deen och schons expressiv genuch gewiecht wier!
gudd gesin mee dEmsetzung as nik main Stiil...
hehehe
nee daat obskueret huet och eng gewessen Unzeiung op mech...mee den Motionblur an dei (nach) zimlech knackech Faarwen sen nik daat waat ECH sou direkt domat an verbindung brengen...
meee...jidfrengm saint...
Motive fannen ech net mol schlecht mengen dat muss een Subjektiv gesinn, als Konscht, mee mech steiert dei onschärft onheemlech dran, dat deet wei an den Aan. sorry.