Oder et ass em wéi mir deemols gaang: ABS hues versot. Well bei enger zweeter Übung am Dag muss een am selwechten Hiwwel och bremsen, an genee do ass dat geschitt. Schäiss Elektronik!
Mee du hues en grad am richtege Moment getraff ... hues haas de éiren 10Biller pro Sekonn einfach drop lass schéisse gelooss?
op quattro oder nët ass bei enger Vollbremsung zimlech egal behaapten ech mol........manner Vitesse ass d'Devise - soss kënns de am Eeschtfall mat Foto an d'Zeitung (
Do hues de 100% Recht. D'Leit mengen ëmmer Allrad dann kéint ee méi séier duerch d'Kéiren fueren an alles. Dat ass totale Quatsch, wanns de ze séier bass, bass de ze séier, fäerdeg. Just kann ee mam Allrad éischter rem Gas gin fir äus enger Kéier eräus, well den Auto geet net hannen ewech an dem Fall, a wann en wechgeet dann just gläichméisseg, an et kann een awer nach weider Gas ginn ouni total Kontroll ze verléieren an och ouni vill dergéint lenken ze mussen. Ech wees et, well ech fuere säit 3 Joër lo Allrad