Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sonn am Bësch

 
Sonn am Bësch
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.09.2008
  • Gekuckt:
    25178
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/30
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x652
  • Späicherplaz:
    375 KB
  • Originaldatum:
    24.09.2008
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=30582]
Kommentar vum Fotograf:
E bessen Donst, vill warm Sonnestrahlen an ee mystesch däischtere Bësch, eng ideal Situatioun fir een Test. Wat fir een Test? Ma da git mol bei d'exif luussen...

a clicken net vergiessen!

ah jo! ech hu ganz bewosst d'Kontraster mi mëll gehaalen, et war jo Niwwel haut de Moien.
Maimonides 24.09.2008 - 23:35
D Meiglichkeeten vun der NIKON D700 am Contre-jour dat waat am Schied ass op ze hellen , Kontraster ze retten, e formidable Pique ze weisen an doduerch eng remarkabel Foto koennen ze presenteieren.
Test reussi.
Kwitchibo 24.09.2008 - 23:51
ech stemmen zou!

TEST REUSSI
klex 25.09.2008 - 01:08
Net béis gemengt, mee reegen mech emmer bessen op wann een bei enger opléisung vun 1000 x 625 pixel e Piqué enger Kamera ureschent (opschiddefall neméi 2008). Dat se schéin schaarf ass ass richteg mee an där Opléisung kritt een all Kamera un d'Piquen.

Meng Gléckwensch zu denger neier D700, wenschen der vill Freed domat, sin iwwerzeegt dat wärts de och hun smile
Nicon07 25.09.2008 - 11:48
Du hues recht, Lex, an der Internetopléisung gesäit een di wiirklech Qualitéit vun den D700 Fotoen net, mais si as reel! An dat wat de Maimonides seet mat den Informatiounen, déi de grousse Capteur am RAW mat 14bit späichert maachen et einfach, hanneno dat Bescht draus raus ze huelen.
klex 25.09.2008 - 11:51
Si huet wirklech vill Resourcen fir vill erauszekréin dono dat stemmt!
Ech gif der awer proposéiren, maach selwer den Test vun 14Bit verglach mat 12Bit da gesais de op et där perséinlech wert ass bei all Foto 4MB méi ze hun. Ech perséinlech mirken bal keen ennerscheed a si praktesch emmer am 12Bit.
Jeanny 25.09.2008 - 06:38
eng wonnerschei Foto
Gaga 02.12.2009 - 01:20
wow !
genial, ech muss och emol tester machen, daat gesait jo besser aus wei wann een fotoen machen geht ! surprised
Nicon07 02.12.2009 - 12:03
Kriss/ hues du dann och elo eng D700?... smile
Gaga 02.12.2009 - 13:12
nee, hun an wert och soubaal keng kreienbigsmile !
sin um renoveieren, daat seet alels ... ah jo, an sin bestued ! as daat och eng excuse ??bigsmile !
nee, ech sin nach weit derfun eweg meng d90 komplet auszelaschten, kleor e puer sachen wei t'rauschen muss ech bis dohinenr a kaaf huelen !
an bis ech mer se leeschten kann, wert erem epes neies um marché sin !
ps: falls de deng awer eng keier entsuegen wells ... loss mech et wessen, ech froen och naischt fier den recyclage ! closed_eye
Nicon07 02.12.2009 - 15:43
Sou schrecklech vill rauscht eng D90 dach och neess net. Oder an den Tester léien se wi gedréckt...bigsmile Iwwerakll liest een dach, si wier an der Bildquali tselwécht wi eng D300. An eng D700 rauscht och, awer su richteg réischt ab 3200 ISO. Loosse mir eis net bekloen, sou Fotoe wi mir mat eisen Digitale Spigelreflexekamerae maachen hu mir der ni amt anaolge gemaach. Huel mol eng Kéier déng Diaen an da vergläichs de. Dobei soen ech net datt Film an Dia schlecht waren, o nee, awer digital ass dach nach eenTick besser.
Gaga 02.12.2009 - 16:50
waat sin DIA ?

ech muss eng keier mat engem op den tuer goen an vergleichsfotoen machen, mech steiert t'rauschen awer oft, eben well ech oft nuetsopnahmen machen !


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 275 Gäscht online