Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tregastel

 
Tregastel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.09.2008
  • Gekuckt:
    29968
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/100
  • Blend:
    f8
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    667x1000
  • Späicherplaz:
    402 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    D300
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=30252]
Kommentar vum Fotograf:
Nees eng aus menger Bretagne Serie. Hoffen se gefaellt.
Mika 11.09.2008 - 02:05
Foto an Teinung gesinn, geduecht dei muss dach vum Keup sinn...et voilà...denken daat ass schon ee Kompliment closed_eye Wierklech rem eng richteg béis Foto, deng Fotoen ginn vun Keier zu Keier besser....nach besser closed_eye Du bass wierklech um richtegen Wee, emmer schein roplueden bigsmile!!!
Keup 11.09.2008 - 13:07
Jo daat ass en Kompliment wierklech closed_eye Sin frouh daess meng Aarbecht an verschiddenen Aan emmer besser gett och wann ech na vill ze leieren hun. Mee ech bleiwen drun closed_eye

TY Mika
Jeanny 11.09.2008 - 09:33
aus super, ginn Motiv a Faarwen
Keup 11.09.2008 - 13:06
Merci fir deng Visite an dein Komment. closed_eye Freet mech emmer
jegas 11.09.2008 - 11:12
Wann déi Möw do net beigeprafft ass dann hueste och nach am richtigen Moment geknipst.

Net schlecht.
Keup 11.09.2008 - 13:05
Daat ass keng Möw mee en Fou de Bassan deen et am Frankreich nemmen do gett. Deen Villchen ass mega scheih an flitt nie iwwer Land well beim landen geif hien sech alles briechen an keint nie mei starten. Deen haust hannen op enger Insel bessen mei weit eraus. Kucken fir eng ze verschaffen wous de en besser erkenns.

Merci fir den Komment.
jegas 11.09.2008 - 15:40
Tien, neess eppes bai geléiert, deen Villchen hun ech nach net kannt. Et ass awer ënnen um Bild Waasser ze gesin, ergo hätt en awer kënnen kuerz eriwwer fléien.
Merci.


Tja man kann nie alles wissen.
Keup 11.09.2008 - 15:46
Majo en ass dohinner gepecht. En kennt net bei d Festland. Mir hun missten mam Boot op hier Insel fueren wou sie eng Steilküst hun dei geint den Wand geriicht ass. An nemmen op deser Insel gin se an Frankreich zu Land.
joellchen 11.09.2008 - 12:03
schéin foto smile
Keup 11.09.2008 - 13:01
Merci Joellchen
Kwitchibo 11.09.2008 - 12:58
Den iweschten Deel as guud mee den Deel ennen fannen ech passt net esou vun den Fuarwen!

Keup 11.09.2008 - 13:00
Haet ech villeicht en dégradeierten Layer ennen drop leen.
Hmmm probeieren daat emol.

Merci
Kwitchibo 11.09.2008 - 13:26
genau daat!
Keup 11.09.2008 - 13:36
Probeieren muer den Owend. closed_eye
Mochel 11.09.2008 - 14:06
gefällt mer ganz goud zumols den Himmel
Keup 11.09.2008 - 14:25
Majo um Himmel hun ech mol net vill verschafft. Deen war wierklech esou. Merci awer
krautheim 11.09.2008 - 14:18
Schéin Téinung, Bravo! Den Fou de Bassan ass optimal an d´Bild integréiert. Déi wéinegst wessen dat en nie iwwert d´Land flittclosed_eye
Keup 11.09.2008 - 14:42
Wahrscheinlech waren dei na nie do dei daat net wessen oder hun deen mol iwwerhapt nie een gesin. Merci Krautheim. closed_eye
Freet mech
spako 11.09.2008 - 16:14
hues de jo gudd hikritt mam Vull closed_eye

ech weees jo net wei grouss dei sou sin aawer ech fannen en hei am Bild immens imposant am Verglach mat der Szene...
Keup 11.09.2008 - 16:24
Zweet greissten Miiresvull iwwerhaapt. Nemmen den Albatross ass mei grouss. Hmmm haett en villeicht wierklech keinten mei kleng maachen an virun allem en bessen Blureffekt drop an duerno mam recht vun der Photo schaerfen.

Merci fir den Komment.
Shantideva 11.09.2008 - 17:33
Daat mam Blureffekt stemmt schon. Ech denken en ass vieleicht e bessi scharf em d'Ränner, virun allem ennen. Probéier einfach mat Layer->Matting->Defringe. Awer am groussen Ganzen fannen ech se awer ganz flott sou.
Keup 11.09.2008 - 17:41
Majo merci Shantideva. Ech experimenteieren dann mol muer den owend bessen fir aer Komments anfleissen ze loossen.

closed_eye
joellchen 03.02.2010 - 17:58
wow smile
wonnerschein foto ! wierklech...immens smile

kompositioun ass wierklech mega gudd gelongen!
ech fannen d'faarwen och ganz schein smile
Keup 06.02.2010 - 19:05
Oh merci joellchen. Freet mech daess du sou laang duerno nach dohinner kucken wars
joellchen 07.02.2010 - 19:49
hehe, haat se bessi um site gestöbert an dun ass mer di dooten eben opgefall smile
Keup 21.02.2010 - 22:52
Freet mech daess de dann grad op des gestouss bass

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 356 Gäscht online